Jousefskierfecht (Esch-Uelzecht)

Vu Wikipedia
Jousefskierfecht
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Koordinaten 49° 29’ 53.5’’ N
      05° 58’ 54.3’’ O


De Jousefskierfecht zu Esch-Uelzecht (Cimetière Saint-Joseph) am Quartier Dellhéicht, ass ee vun de 4 Kierfechter zu Esch.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

E gouf 1865-66 um Flouer Déieregaart ugeluecht, wéi duerch eng Cholera-Epidemie vill Leit op eemol ze begruewe waren, an de Kierfecht vun der Jangekierch (Eglise Jean-Baptiste), do wou haut de Schoulhaff vun der Groussgaassschoul ass, sech als ze kleng erwisen huet.[1]

Geschwënn dono gouf d'Jousefskierch gebaut, an d'Jangekierch ofgerappt, sou dass de Jousefskierfecht , deen zweemol vergréissert gouf, ewell den Haaptkierfecht vun Esch war, ier deen zu Lalleng opgemaach gouf.

Zanterhier kann een um Jousefskierfecht keng nei Grafkonzessioun méi kréien, just déi déi et scho gëtt, kënne verlängert ginn. Duerch d'Planze vu Beem op de Plaze vu fréiere Griewer kritt de Kierfecht no an no e Park-äänleche Charakter.

An den 1990er Jore gouf eng Chapelle ardente um Bord vum Kierfecht installéiert.

Um Jousefskierfecht sinn e puer remarkabel Grafmonumenter ze fannen, ë.a. vun de Sculpteuren Duilio an Dante Donzelli, Jean Mich a J. Bucchione.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Esch-sur-Alzette, Guide historique et architecural. C2DH a Capybarabooks, Esch a Miersch, 2020, S.34-37.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saint Joseph Cemetery (Esch-sur-Alzette) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Guide architectural an der Literatur.