Juddegaass

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Zu Eschduerf

Juddegaass ass oder war den Numm vun enger Strooss oder Gaass, an där fréier vill Judde gewunnt hunn. Datt Judden no beienee gelieft hunn an zum Deel och nach ëmmer an enker Noperschaft liewen, huet domat ze dinn, datt de Sabbatwee op 2000 Ellen, also ronn 1000 Schrëtt bis bei d'Synagog, festgeluecht ass.

Zu Lëtzebuerg gëtt et haut nach dräi Juddegaassen: zu Eschduerf (L-9151), Kielen (L-8281) a Stadbriedemes (L-5451).

Stad Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Fréier goung d'Arsenalstrooss, haut avenue Émile Reuter, bis op d'Kräizung mat der Aldringen-Strooss. Do stoung an der drëtter Rankmauer d'Juddepaart. Si gouf am 14. Joerhonnert gebaut a war am 15. Joerhonnert déi wichtegst Stadpaart, well do d'Taxen opgehuewe goufen, fir an d'Stad eranzekommen. Dat Stéck vun der haiteger Groussgaass vun der Kräizung mat der Aldringen-Strooss bis op d'Kräizung mat der Neipuertsgaass / Philippsgaass gouf deemools d'Juddegaass genannt. Den Numm géif entweder op en ale Juddekierfecht zréckgoen [1] oder well rondrëm d'Juddepaart vill Judde gewunnt hunn [2]. D'Artilleriekasären an der Aldringen-Strooss, déi 1672 gebaut an 1913 ofgerappt goufen, houschen deemno och d'"Juddekasären"[3].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jewries – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Vun deem Juddekierfecht schéngt et awer kaum Beleeger ze ginn. Am 14. Joerhonnert hu jiddesch Familljen am Péitrussdall gewunnt, wou wuel och hire Kierfecht war.
  2. ons stad, Nr. 86, 2007 - Grand-Rue, S. 6-7
  3. ons stad, Nr. 45, 1994 Batty Fischer, un photographe pas comme les autres