Kapell Jangharishaff

Vu Wikipedia
Kapell um Jangharishaff
D'Kapell wärend Renovatiounsaarbechten am Februar 2024

D'Kapell wärend Renovatiounsaarbechten am Februar 2024
D'Kapell wärend Renovatiounsaarbechten am Februar 2024
Uertschaft / Plaz Jangharishaff
Baujoer 1852
Koordinaten 49° 44’ 34.55’’ N
      06° 15’ 51.70’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell um Jangharishaff ass eng kleng kathoulesch Privatkapell um Lieu-dit Jangharishaff an der Gemeng Jonglënster. Se steet e puer Meter méi héich wéi d'Strooss, op der Virplaz vum Haff.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ëm d'Joer 1700 gouf an der Ëmgéigend vum Jangharishaff eng Klaus („Ehrensclausen“, „Erenzklaus“ oder „Ernzklaus“) mat enger klenger Kapell opgeriicht, déi der „Notre-Dame de la Compassion“ geweit war. Just e puer Joer duerno huet de Bëschof – aus engem net bekannte Grond – en Interdikt ausgesprach an et huet keng Mass méi dierften an der Kapell gehale ginn, a keng Sakramenter hunn dierften ausgedeelt ginn.

Et ass nëmmen een Eremit bekannt, deen an der Klaus gelieft huet, de Brudder Abraham Gros. Dee war ëm 1681 an der Par Beidler gebuer ginn an ass warscheinlech 1741 oder 1742 gestuerwen, well no 1742 gëtt d'Klaus a kengem Dokument méi ernimmt.

Déi haiteg Kapell beim Jangharishaff gouf am Joer 1852 vun de Besëtzer vum Haff, der Koppel Peter Schell a Margaretha Giver, opriichte gelooss. Se gouf gréisstendeels mat de Steng vun der Klaus an der aler Kapell gebaut.[1]

D'Kapell[änneren | Quelltext änneren]

D'Entréestrap huet dräi Träppleken an d'Dier huet zwéi Flilleken. Iwwer der Dier steet: „PETER SCHELL 1852 MARG. GlEWER“. D'Kapell huet e längleche Suedeldaach mat engem Tiermchen an enger klenger Klack. An der Fassad sinn eng Rëtsch Hasteng verschafft ginn.

Hanner der Entréesdier ass e klengen Hall an do hannendrun den Andachtsraum mat Biedstill an engem Altor. Et gëtt weeder eng Sakristei nach en Duxall oder e Späicher.

Am Banneraum vun der Kapell gëtt et déi 14 Statioune vum Kräizwee déi a Seid gestach sinn an eng Rëtsch eeler Holzstatuen (ë. a. eng Muttergottes, en Hl. Antonius, Jousef a Péitrus).

D'Kapell moosst 6,5  × 5 m × 5 m (L×B×H).[2]

Billergalerie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Jangharishaff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (de)Blumenthal - Geschichtliches. Luxemburger Wort, 122. Jg., n° 213, p. 4. (01.08.1969). Gekuckt de(n) 10.02.2024.
  2. (de)Kapelle Jean-Henryshof Nr. 262. Ons Hémecht, 44. Jg., nº Heft 3/4, p. 240. (01.07.1938). Gekuckt de(n) 10.02.2024.