Kiyotsugu Hirayama
Ausgesinn
Kiyotsugu Hirayama | |
---|---|
Gebuer | 13. Oktober 1874 |
Gestuerwen |
8. Abrëll 1943 Tokio |
Nationalitéit | Japan |
Aktivitéit | Astronom |
De Kiyotsugu Hirayama (japanesch: 平山清次), gebuer den 13. Oktober 1874 zu Sendai, a gestuerwen den 8. Abrëll 1943, war e japaneschen Astronom.
Hien ass fir seng vill Entdeckunge vun Asteroide bekannt. Hien huet och erkannt datt vill Asteroide bal déi selwecht Bunnen, Exzentrizitéiten a Schréiten hunn. Doropshin huet hien d'Theorie opgestallt, datt déi sech no enger katastrophaler Kollisioun vu groussen Asteroiden an der Vergaangenheet gebilt hunn. D'Asteroide-Familljen sinn domat säi Wierk.
De Moundkrater Hirayama ass zesummen no him an dem Shin Hirayama (1868-1945) genannt. Och een Asteroid, den Hirayama gouf him zu Éiere sou genannt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) Obituary Notices (Monthly Notices of the Royal Astronomical Society, Vol. 107, p. 42-44 - Obituary Notices:- Hirayama, Kiyotsugu) Noruff fir de Kiyotsugu Hirayama
- De Kiyotsugu Hirayama op Worldcat