Kréchel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Kréchel | |||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
E männleche Kréchel |
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||||
|
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
| Falco tinnunculus „Linnaeus“ 1758 |
|||||||||||||||||
De Kréchel, Kréchelek oder Tuermfallek (Falco tinnunculus, de: Turmfalke, fr: faucon crécerelle), ass e Gräifvull aus der Famill vun de Falconidae. Et ass ee vun de geleefegste Gräifvullen zu Lëtzebuerg.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Beschreiwung
Kréchele gi ronn 35 cm grouss. De Männchen huet routbrong Plomme mat schwaarzen Tëppelen an en hellgroe Kapp. De Bauch ass hell an huet nëmme liicht brongelzech Flecken. Ronderëm d'Féiss an d'Aen ass e gielzech. D'Weibchen ass liicht méi grouss wéi de Männchen, ass liicht méi donkel an huet méi pronocéiert Flecken. D'Kappfaarf ass, anescht wéi beim Männchen, d'selwecht wéi déi vum Rescht vum Kierper. Chrakteristesch fir de Kréchel ass, nieft sengem Ausgesinn, seng Ki-ki-ki…-Riff a seng Aart a Weis, duerch séiere Flillekeschlag an der Loft ze "stoen", wann en no Friesse sicht.
![]()
E Kréchel, deen an der Lut "steet": E beweegt seng Flileke séier an huet d'Schwanzfiedere gespreet.
[änneren] Brutt
Kréchele wunnen deelweis an ale Gebaier, a Fielswänn oder op héije Beem. Si baue selwer keng Näschter, mee benotzen déi, déi vun anere Kréievulle verlooss goufen. Och Naschtkëschten huelen se gär un.
Am Mäerz si Kréchele bei opfällege Balzflich z'observéieren. Am Abrëll leet d'Weibchen all 2-6 Deeg hannereneen am ganzen 2-6 rout-brong gepierpelt Eeër. Dës ginn ronn 28 Deeg laang, virun allem vum Weibchen, ausgebréit. D'Männche geet him déi Zäit d'Friesse sichen.
Jonk Kréchelen hu bei der Gebuert e wäissen Diwwi. No 20 Deeg ass d'Plommekleed komplett. Se gläichen da vun der Faarf hir éischter de Weibercher.
[änneren] Kascht
Gréisstendeels jot de Kréchel kleng Knabberdéieren. E fänkt sech awer och alt Insekten, Amphibien a kleng Vijel.
[änneren] De Kréchel zu Lëtzebuerg
Wéi och soss doruechter, a bei villen anere Vullenaarten, ass de Kréchel duerch dem Mënsch seng Aktivitéite menacéiert: Intensiv Landwirtschaft, Pestiziden, de Verloscht un Naschtplazen, an net zulescht den Autoverkéier maachen, dass de Kréchel ëmmer méi siele gëtt.
De Kréchel ass 2009 vun der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga (LNVL) als de Vull vum Joer erausgesicht ginn.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Category:Falco tinnunculus – Biller, Videoen oder Audiodateien |