Liichtsail (Liichteffet)

Vu Wikipedia
Liichtsail vum 16. Mäerz 2005, Sonnenënnergank

Eng Liichtsail ass e Liichteffet an der Atmosphär a gehéiert zu den Haloevenementer. Vun der Sonn aus streckt sech eng linear laang schmuel Liichtsträif vertikal no uewen – ganz rar och no ënnen. Lichtsaile si meeschtens dann z'observéieren, wann d'Sonn no iwwer oder ënner dem Horizont steet.

Liichtsailen entstinn duerch d'Spigelung vum Sonneliicht op klengen hexagonalen Äisplacken, déi bei Wandstëll lues eroffalen a sech dobäi virzuchsweis horizontal an der Loft ausriichten. Si sinn dofir nëmme bei entspriechend wandaarme Wiederbedéngungen z'observéieren. Am Géigesaz zu de gläichaartegen Haloevenementer Ënner- an Iwwersonn an der Tatsaach, datt déi sechseckeg kleng Äisplacken an hirer horizontaler Ausriichtung d'Kippwénkelen änneren, gëtt änlech engem Glënnerpad vun der Sonn op enger liicht beweegter Waasserfläch eng Liichtsail siichtbar. A ganz rare Fäll a bei konstanter a klenger Loftbeweegung sinn och liicht gebéit Liichtsaile méiglech.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michael Vollmer: Lichtspiele der Luft, Spektrum Akademischer Verlag, 2006

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Liichtsail – Biller, Videoen oder Audiodateien