Maison Mayer-Ensch (Philippsgaass)

Vu Wikipedia
D'Haaptportal vum Haus sou wéi et haut erhalen ass. Lénks de Passage deen an d'Louvignysgaass féiert. (November 2011).
Am Passage deen an d'Ënneschtgaass (riets am Bild) féiert. (November 2011).

D'Maison Mayer-Ensch war en herrschaftlecht Haus (maison de maître) vun ëm 1730 am Barockstil an der Philippsgaass (rue Philippe II) an der Stad Lëtzebuerg dat 1952 ofgerappt gouf.[1]

D'Haus krut den Numm vun der Famill Mayer-Ensch, där et laang gehéiert huet.

Vum Haus sinn nach d'Portaler vun der Haapt- an enger Niewenentrée an och d'Gewänner vun zwou Fënsteren erhale bliwwen.

Déi erhalen Deeler goufen an d'Mauere vum Verwaltungsgebai agebaut, dat vun 1951 bis 1953 op der Plaz opgeriicht gouf, an an deem zanter 1989 de Ministère vun der Éducation nationale, de l'enfance et de la jeunesse säi Sëtz huet.[2],[3]

Historique[änneren | Quelltext änneren]

D'Haus gouf ëm 1730 vun der Famill Mareschal vu Basel am Barockstil baue gelooss. Et stoung tëscht dem südlechen Enn vun der Philippsgaass (also um Eck mat der Ënneschtgaass an der Louvignysgaass).[1],[4]. D'Haus koum spéider an de Besëtz vun der Famill Mayer-Ensch, där hiren Numm et krut, bis et 1952 ofgerappt gouf.

D'Haaptportal, dat elo nach erhalen ass, war an der Louvignysgaass, déi deemools als Sakgaass bis op d'Propriéitéit vun der fréierer Synagog gestouss ass.[1],[5]

No 1945 huet de Staat den Terrain vun der fréierer Synagog an d'Haiser ronderëm, dorënner och d'Haus Mayer-Ensch, opkaaft, fir dat haitegt Verwaltungsgebai opzeriichten.[6]

Vum Haus Mayer-Ensch blouwen d'Portaler vun der Haapt- an enger Niewenentrée an och zwou Fënsterrummen erhalen. D'Haaptportal gouf virun enger Mauer am Bannenhaff, nieft dem Passage deen an d'Louvignysgaass féiert, vum neie Gebai nei opgeriicht. D'Nieweportal an déi zwou Fënsterrumme koumen un d'Mauer vum Passage an d'Ënneschtgaass.

Am Verwaltungsgebai huet zanter 1989 de Ministère vun der Éducation nationale et de la formation professionnelle säi Sëtz.

D'Fliedermaus[änneren | Quelltext änneren]

De markante Kapp (Mascaron) iwwer dem Haaptportal, zesumme mat senge béidsäitegen Ornamenter déi u Flilleken erënneren, huet engem onbekannten Auteur déi heite Versen inspiréiert:[1]

Flëntermaus, wou kënns de raus?
Aus Marschallshaus
Wat hues de giess?
Eng sauer Brach.-
O du aalt bescha...d Lach!

Historesch Foto[änneren | Quelltext änneren]

D'Haaptportal vum Haus, ier et ofgerappt gouf, ass op enger Foto vun 1912 vum Batty Fischer (1877-1958) ze gesinn. D'Foto, déi am Besëtz vun der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg ass, gouf ë. a. 1994 an ons stad publizéiert. Kuckt dozou de PDF um Spaweck bei H. Beck an der Literatur hei drënner.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Administration des bâtiments publics, 2010. Centenaire. Administration des bâtiments publics Luxembourg. Dréckerei Faber, Miersch, 207 S. ISBN 978-99959-680-0-7 (Cf. Bâtiment de la CECA S. 70-71.
  • Beck, H., 1996. Batty Fischer (1877-1958) un photographe pas comme les autres. ons stad 45, S. 13-16. PDF
  • Thewes, G. & D. Wagener, 1995. La ville de Luxembourg en 1795. ons stad 49, S. 4-7. PDF

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 H. Beck 1994, S. 13.
  2. Administration des bâtiments publics, 2010.
  3. D'Gebai mécht de ganzen Haiserblock aus tëscht der Philippsgaass, der Ënneschtgaass, der Louvignysgaass, an der Aldréngerstrooss
  4. Thewes & Wagener 1995, S. 7.
  5. Et war dat déi zweet Synagog an der Stad Lëtzebuerg, 1894 ageweit, déi no 1940 vun der däitscher Besatzung ofgerappt gouf. Un d'Synagog erënnert haut nach eng Plack an der Ënneschtgaass, um Gebai vun 1953 Eck mat der Aldréngerstrooss.
  6. Et gouf gebaut vun 1951 bis 1953 no de Pläng vum Staatsarchitekt Hubert Schumacher a war geduecht fir Servicer vun der Regierung an d'Verwaltung vun der CECA. (Cf. Administration des bâtiments publics, 2010, S. 70-71.)