Malou Garofalo

Vu Wikipedia

D'Malou Garofalo, gebuer 1984 zu Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Musekerin a Musekspedagogin.

Studien a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

D'Malou Garofalo fänkt mat 6 Joer un, Klarinettecoursen zu Esch-Uelzecht am Conservatoire beim Francis Schummer ze huelen.

Nodeem si den Diplôme supérieur an der Klarinett an an der Kammermusek, an éischt Präisser an der Harmonie, Bass Klarinett, Piano, Kontrapunkt, Methodologie, Lecture an Transpositioun gemaach huet, perfektionéiert si sech wärend zwee Joer um Conservatoire royal zu Bréissel beim Professer Ronald van Spaendonck.

D'Malou Garofalo setzt dann hire Studium op der Hochschule für Musik Saar beim Professer Eduard Brunner fort, wou si 2009 hiren Diplom Konzertreife an der Klarinett kritt an 2011 an der Kammermusek.

Donieft schafft si mam Olivier Dartevelle am Conservatoire zu Lëtzebuerg a kritt do den Diplôme de concert. Verschidde Masterklasse mat renomméierte Professere wéi zum Beispill dem Wolfgang Meyer, Walter Boeykens, Sharon Kam, Michel Arrignon oder Martine Leblanc hëllefen hir hiert musekalescht Wëssen z'erweideren.

Si ass Laureat vu verschiddenen internationale Concoursen, ënner anerem dem Concours pour jeunes solistes zu Lëtzebuerg, dem Concours vun der Yamaha Music Foundation, dem Kammermuseksconcours International Forum an dem Torneo internazionale di musica.

Wärend zwee Joer schafft si als Stagiaire am Orchestre philharmonique du Luxembourg.

Zanter 2009 ass si Enseignante am Conservatoire zu Ettelbréck an zanter 2011 ass si am Orchestre de chambre de Luxembourg Les musiciens. Si spillt reegelméisseg Concerten als Solistin oder als Member vum Trio Aurora oder dem Quintett Art'marillis.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]