Marc Schmit

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Marc Schmit, gebuer den 3. Juli 1985, ass e lëtzebuergesche Seegeler an Olympionik.[1]

De Sportler vun Nouspelt ass méifache Lëtzebuerger Champion a segelt an der Bootsklass Laser. Hien ass am Yacht Club du Grand-Duché de Luxembourg engagéiert, trainéiert awer zum dacksten net um Stau selwer, mä a Südfrankräich.

De Schmit hat d'Qualifikatioun fir op d'Olympesch Summerspiller 2008 zu Peking net gepackt, krut awer am leschten Ament nach eng Wild Card a konnt du matfueren.

D'Participatioun vum Marc Schmit bei den Olympesche Summerspiller 2008 war net nëmme fir de Sportler eng Première, mä och fir d'Banneland Lëtzebuerg - et war dëst déi éischte Kéier datt de Grand-Duché am Seegele bei Olympesche Spiller vertruede gouf.

Inhaltsverzeechnes

Palmarès [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]