Michael Maestlin

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Michael Maestlin

De Michael Maestlin oder och Möstlin gebuer den 30. September 1550 zu Göppingen a gestuerwen den 20. Oktober 1631 zu Tübingen war en däitsche Mathematiker an Astronom.

De Maestlin studéiert am Evangeleschen Stëft Tübingen Theologie, Mathematik an, ugereegt duerch de Philipp Apian, Astronomie. Hie gouf 1571 Magister, 1576 Diakon zu Backnang a 1580 Professer vun der Mathematik zu Heidelberg a vun 1583 un zu Tübingen.

Nieft dem Leonardo da Vinci gëllt och de Maestlin als éischten, den dat äschegrot Moundliicht korrekt als Äerdschäin gedeit huet. Hien hat och erkannt datt d'Koméite keng atmosphäresch Erscheinunge sinn. De Maestlin gëllt als Unhänger vum heliozentresche Weltbild vum Nikolaus Kopernikus a war Geléierten a Frënd vum Johannes Kepler, deen hien och mat der heliozentrescher Planéitenuerdnung vum Kopernikus bekannt gemaach huet. Hie soll och de Galileo Galilei fir dës nei Léier gewonnen hunn.

Am Joer 1961 gouf e Moundkrater Maestlin no him benannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Michael Maestlin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie