Michel Platini

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Michel Platini

De Michel Platini gebuer den 21. Juni 1955 zu Jœuf, an der Meurthe-et-Moselle, gëllt als ee vun de beschte franséische Foussballisten. Hie krut dräimol de Ballon d'or (1983-1985) a gouf 1976 an 1977 vu France Football als franséische Foussballist vum Joer gewielt.

Zanter dem 26. Januar 2007 ass hie President vun der UEFA a Vizepresident vun der FIFA.

De Platini huet mat 10 Joer a sengem Heemechtsuert ugefaange mat Foussball spillen. 1972 huet en d'Divisioun gewiesselt a goung bei den Éischtdivisiounsclub Nanzeg spillen, a gouf mat deem Veräin 1978 franséische Coupe-Gewënner.

Duerno goung hien 1979 bei den AS Saint-Étienne, mat deem e 1981 franséische Landesmeeschter gouf.

1982 ass en op Turin bei d'Juventus geplënnert. Seng gréisst Erfolleger mat där Equipe waren 1983 d'italienesch Coupe an 1984 a 1986 d'italienesch Meeschterschaft. 1984 huet hie mat Turin d'Europa-Coupe vun de Coupe-Gewënner gewonne mat engem 2:1 géint den FC Porto, an 1985 d'UEFA Europa-Coupe vun de Landesmeeschteren duerch een 1:0 géint Liverpool, a d'Coupe du Monde.

Hie war och dräi Joer hannerenee beschte Buteur an Italien (1983, 1984 a 1985) an d'Juventus huet hien zum beschte Bianconero [1] vun allen Zäiten ernannt.

An der franséischer Nationalequipe huet hie vu Mäerz 1976 bis Abrëll 1987 gespillt, an huet an där Zäit 72 Lännerspiller gespillt. 1984 huet hien als Kapitän vun där Equipe d'Foussball-Europameeschterschaft gewonnen a gouf och bei dëser EM beschte Buteur mat 9 Goler.

De Michel Platini war ee Mëttelfeldspiller a Fräistoussspezialist. Ënner dem Trainer Michel Hidalgo huet hien zesumme mam Alain Giresse, Jean Tigana a Luis Fernández sou staark am Mëttelfeld gespillt datt si den Numm Carré magique kruten.

1987 huet de Platini opgehale mat Spillen, a war duerno vun 1988 bis 1992 Trainer vun der franséischer Nationalequipe.

Statistik[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Michel Platini – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Bianconero ass den Numm vun de Spiller vun der Juve