Mohammed-Karikature vu Jyllands-Posten

Vu Wikipedia

Als Mohammed-Karikature gouf eng Serie vun zwielef satireschen Zeechnunge bekannt, déi den islamesche Reliounsstëfter Mohammed zum Theema huet, an déi den 30. September 2005 vun der dänescher Dageszeitung Jyllands-Posten verëffentlecht gouf. Dës relativ banal Karikature ware geduecht als Suite vun engem Artikel iwwer d'Selbstzensur a Beschneidung vun der Presse- a Meenungsfräiheet. A mosleemesche Länner koum et doropshin zu onkontrolléierte Manifestatiounen, déi ganz séier an ekonomesch Boykotter an eng ganz Rei brutal Iwwergrëff mat Waffegewalt géinteniwwer den Institutiounen a Bierger vun Europa ausgeaart sinn. Dës intolerant Haltung, déi vun Islamisten nach kënschtlech opgepeitscht gouf, huet de Gruef tëscht dem säkuläre Westen an der islamescher Welt weider verdéift.

Säit 3 vun der Kultursektioun, Jyllands-Posten Editioun vum 30/09/05

Hannergrond

Nodeem datt den dänesche Jugendbuchauteur Kore Bluitgen sech beklot hat, datt keen Zeechner wéilt säin neitstent Kannerbuch iwwer d'Liewe vum islamesche Prophéit Mohammed illustréieren, aus Angscht se kéinte grad sou vun islamesche Fanatiker ëmbruecht ginn wéi den hollännesche Filmmécher Theo van Gogh, huet Jyllands-Posten dee Fall opgegraff. D'Zeitung huet bei der Vereenegung vun den däneschen Zeitungskarikaturisten nogefrot, op da wierklech kee vun hire Memberen de Mohammed zeechne wéilt.

Eraus koumen zwielef satiresch Zeechnungen zum Theema, déi Jyllands-Posten den 30. September 2005 verëffentlecht huet fir domat oppen d'Selbstzensur vun de Medien unzeprangeren.

Dänesch Imame vum Islamisk Trossamfund sinn am November an Dezember 2005 op eng Rees an islamesch Staate gaangen, fir do Reaktiounen opzestëppelen. Am Gepäck hate si en Dossier an deem net nëmmen déi vun der Zeitung verëffentlecht zwielef Karikature waren, mä nach dräi weiderer, déi fir hiren Deel effektiv obszön sinn, mä nimools an de Medien ze gesi waren (de Mohammed als Pedophilen an als Schwäin an en Hond deen e Biedende bespréngt). Dobäi hu se och ouni ze zécke gelunn se géifen 21 verschidde mosleemesch dänesch Organisatiounen an Dänemark vertrieden an hir eegen Organisatioun hätt 200.000 Memberen - a Wierklechkeet stounge se awer just eenzeg an eleng fir hiren "Islamisk Trossamfund", dee manner wéi 15.000 Ageschriwwener huet a vun deenen nach nëmmen eng 500 bis 1000 zum Freidesgebiet ginn.

Gewaltsam Onrouen an Iwwergrëff

D'Äntwert vun de Muselmanen huet net laang op sech waarde gelooss, éischt Muerddreeunge si beim Blat agaangen, 3000 Mohammedaner sinn an Dänemark op d'Strooss gaangen, am Kaschmir gouf gestreikt, Protesterklärunge koume vum tierkesche Premier Erdogan, vun der Organisatioun vun der Islamescher Konferenz a vun der Arabescher Liga, Libyen a Saudiarabien hunn hir Ambassadeuren zeréckgeruff. Jyllands-Posten berifft sech an enger Stellungnam op d'europäesch Gesetzgebung, déi Gottseidank d'Press- a Meenungsfräiheet garantéiert, a gesteet am Numm vun deene Fräiheeten dem islamesche Fundamentalismus net d'Recht zou, den däneschen Zeitungen ze diktéiere wat se nach drécken däerfen a wat net.

Eng Abberzuel vun islamesche Staaten hunn den Totalboykott vun däneschen an norwegesche Produkter duerchgesat an d'Situatioun an der arabescher Welt ass komplett eskaléiert wéi déi palestinensesch Al-Aksa-Brigaden den EU-Büro an der Gazasträif mat Handgranaten a Panzerfäischt gestiermt hunn. D'EU dreet mëttlerweil Saudiarabien mat Sanktiounen, sollt och hir Regierung de Boykott ënnerstëtzen. Fir all déi aner Staaten (dorënner d'Walgewënner Hamas a Palestina) goufen awer nach keng Sanktiounen an Aussiicht gestallt.

Den 3. Februar hunn zu Basra am Süde vum Irak Manifestanten, déi eigentlech Frankräich viséiert hate mä sech an de Faarwe geiert hunn, um lëtzebuergesche Fändel ronderëmgetrëppelt. Eng formell Entschëllegung vun der irakescher Regierung ass awer ausbliwwen.

Solidaritéit an der europäescher Press

Éischt Säit vu France Soir vum 01/02/2006

Déi norwegesch Zeitung Magazinet huet déi selwecht satiresch Zeechnungen am Januar 2006 nogedréckt. Déi däitsch Welt an de franséische France Soir hunn am Februar 2006 nogezunn an duerno koum eng ganz Abberzuel vu Presseorganer a ganz Europa, dorënner och den RTL Télé Lëtzebuerg, deen an enger Emissioun vum 3. Februar 2006 Ausschnëtter bruecht huet.

Ermuerdung vum Samuel Paty, de 16. Oktober 2020

De 16. Oktober 2020 gouf de franséische Lycéesprof Samuel Paty zu Conflans-Sainte-Honorine ermuert a gekäppt, nodeems hien e puer Deeg virdrun an engem Cours iwwer Meenungsfräiheet ë. a. e zwou vun de Karikature gewisen hat (net ouni de Schüler d'Méiglechkeet gi gehat ze hunn, net hinzekucken oder aus dem Sall ze goen, wa se wéilten).

D'Karikaturen

D'Karikature weisen ënner anerem de Mohammed bei der Himmelspaart, dee Selbstmuerdbomber empfängt mat de Wierder "stop stop, mer hu keng Jongfrae méi" oder en Zeechner dee bei engem Croquis sëtzt a stänneg an Angscht iwwer seng Schëller kuckt.

Um Spaweck