Musekwëssenschaften

Vu Wikipedia

D'Wuert Musek kënnt aus dem griicheschen mousike (techne) wat souvill wéi d'Konscht vun de Musen heescht.

Musekwëssenschaft[änneren | Quelltext änneren]

Nouten

D'Musekwëssenschaft an hir Disziplinne befaasse sech mat der Entwécklung am Entstoe vu Musek (Musekgeschicht), hire Komponisten, hire Wierker an Interpreten, souwéi mat de Museksinstrumenter.

Weider Fuerschungsrichtunge sinn:

Musektheorie mat hirer Kinneksdisziplin
Harmonie,
Museksoziologie a
Musekpsychologie.

D'Musekwëssenschaften loosse sech graff an dräi Beräicher andeelen:

Formen, Genren a Stiler[änneren | Quelltext änneren]

D'Musekwëssenschaften hunn eng Partie Uerdnungsdimensiounen entwéckelt déi mat ënnerschiddlechem Erfolleg op d'Musek ugewannt goufen.

No der Zort vun de Bedeelegten[änneren | Quelltext änneren]

Nom Ursprong[änneren | Quelltext änneren]

  • Musek aus europäescher Ofstamung
  • Exotesch Musek

Firwat se gebraucht gëtt[änneren | Quelltext änneren]

No reliéiser Motivatioun[änneren | Quelltext änneren]

Nom Tounsystem[änneren | Quelltext änneren]

No der Zuel vun de Musikanten[änneren | Quelltext änneren]

Musek an aner Disziplinnen[änneren | Quelltext änneren]

Architektur[änneren | Quelltext änneren]

Bei den ale Griichen a Réimer ware Musek an Architektur méi enk matenee verbonne wéi dat hautdesdaags de Fall ass. Architekten, Museker a Philosophen hunn an de vergaangene Joerhonnerten net nëmme Verbindunge gesicht mä sech och géigesäiteg nei Impulser ginn.

De Gebrauch vu Musek[änneren | Quelltext änneren]

Obwuel Musek dacks als zweckfräi Konscht ugesi gëtt, als d'gezilt Uwendung wäit verbreet. Zum Beispill fir verschidde Gefiller ze schafen (Publicitéit, Filmmusek), fir therapeutesch Zwecker (Musektherapie) asw. Musek gëtt och mat anere Konschtforme verbonnen, zum Beispill mat Lyrik (Oper asw.) oder Danzen (Ballet)

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Musek kann an Epochen ënnerdeelt ginn, déi sech an der konventioneller Musekgeschicht un aner Forme vu Konscht an Architektur orientéieren (zum Beispill Musek vun der Antiquitéit, Renaissancemusek, Barockmusek, Klassesch Musek asw.). Neiste Fuerschunge probéieren awer och elo eng Historiographie opzestellen déi sech mat der Musekstruktur selwer befaasst an net mat den Afless vu baussen.

An der Chronologie vun der musikalescher Entwécklung kann ee follgend eurozentristesch Ofschnetter ënnerscheeden:

Museksoziologie[änneren | Quelltext änneren]

Musek ass net nëmme Selbstzweck a Kultur, mä och eng Branche an der Kulturindustrie. Déi haiteg Museksindustrie bestëmmt musikalesch Entwécklungen (Casting Bands], kommerzialiséiert Formen, déi onofhängeg vunenaner entstane si wéi (Jazz, Punk) an huet duerch eng massiv Lobbyaarbecht Afloss op politesch Entscheedungen aus (Copyright).

Musektechnologie[änneren | Quelltext änneren]

Nieft de Firmen aus der Medienindustrie spillt och d'Musektechnologie eng ëmmer méi grouss Roll bei deem wat gelauschtert gëtt. Fir Musek déi opgeholl gouf ze lauschtere brauch ee speziell Apparater (Tounbandapparater, Plakkespiller, CD-Player, MP3-Player asw.) déi sech ëmmer méi un de Méiglechkeete vun der Computertechnologie orientéieren. Mat der Audio-CD koum d'Digitaliséierung vun der Musek, duerch d'MP3-Technologie goufen d'Musekdate kompriméiert wou verschidden Elementer aus der Musek erausgeholl kënne ginn déi fir d'Qualitéit manner wichteg erschéngen.

Mat den neien Technologie wéi zum Beispill d'DVD-Audio oder d'SACD (Super Audio CD) goufe Mono/Stereo a Méikanaltoun (am Allgemenge Fënnefkanal, "Surround") erweidert.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

Noschlowierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Friedrich Blume (Erausg.), MGG - Die Musik in Geschichte und Gegenwart: Allgemeine Enzyklopädie der Musik, dtv, ISBN 3-423-05913-3, Nodrock vun der 1949 Editioun a 17 Bänn
  • Ludwig Finscher (Erausg.), MGG - Die Musik in Geschichte und Gegenwart: Allgemeine Enzyklopädie der Musik, begründet von Friedrich Blume. Zweite, völlig neu barbeitete Ausgabe, Bärenreiter / Metzler, 1994, 20 Bänn
  • Stanley Sadie (Erausg.), The New Grove. Dictionary of Music and Musicians., 1999, Macmillan Publishers Ltd., 29 Bänn, iwwer 29.000 Artikelen

Grondlage vun der Musek[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Music – Biller, Videoen oder Audiodateien