My Chemical Romance

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
MCR-logo.png
Grënnung: 2001
Genre: Alternative Rock/Post-Hardcore
Website: http://www.mychemicalromance.com
Grënnungsmemberen
Gesank: Gerard Way
Battrie: Matt Pelissier (bis 2004)
Aktuell Memberen
Gesank: Gerard Way
Gittar & Gesank: Ray Toro (zënter 2001)
Gittar & Gesank: Frank Iero (zënter 2002)
Bass-Gittar: Mikey Way (zënter 2001)
Battrie: Bob Bryar (zënter 2004)

My Chemical Romance ass eng Rockband vun Newark, New Jersey. Den Numm „My Chemical Romance“ kënnt aus dem Roman Ecstasy vum Irvine Welsh. Hire Stil gëtt dacks als Alternative Rock oder Post-Hardcore bezeechent.

Inhaltsverzeechnes

Bandgeschicht [änneren]

Grënnung [änneren]

Gegrënnt gouf My Chemical Romance 2001 vum Gerard Way an dem Ex-Drummer Matt Pelissier, déi zesumme mam Mikey Way an dem Ray Toro d'Éischtbesetzung gebilt hunn.

Am Joer 2002 koum de Gittarist Frank Iero dobäi, well ee séier gemierkt huet, datt en zweete Gittarist nieft dem Ray gebraucht gëtt. De Frank huet zënter sengem eelefte Liewensjoer an enger Abberzuel Bands gespillt. Nëmmen e puer Deeg éier hie bei My Chemical Romance Member ginn ass, huet sech seng Band Pencey Prep, wou hie Sänger a Gittarist war, opgeléisst.

I Brought You My Bullets You Brought Me Your Love [änneren]

D'Debutalbum I Brought You My Bullets You Brought Me Your Love gouf nënne dräi Méint no der Grënnung vun der Band bannend zwou Wochen agespillt a beim Plackelabel Eyeball Records verëffentlecht. D'Plack gouf als eent vu deenen erfollegräichsten Emoalbume vum Joer 2002 gefeiert. D'Singlen aus dësem Album waren Honey, This Mirror Isn´t Big Enough For The Two Of Us, Vampires Will Never Hurt You an Headfirst For Halos.

2003 gouf e Contract bei Reprise Records ënnerschriwwen a My Chemical Romance si duerch Amerika a Japan getourt. Während dëser Zäit gouf schonns un engem zweeten Album geschafft. Opgrond vum Gerard senge massiven Alkohol- a Drogeproblemer, huet ee seriö iwwert en Tourofbroch nogeduecht. Nodeems se d'Tour hannert sech haten, gouf decidéiert, sech vum Matt Pelissier ze trennen a hien duerch de Bob Bryar ze ersetzen. De Bob war virdru Soundtechniker bei The Used.

Three Cheers For Sweet Revenge [änneren]

2004 koum den Album Three Cheers For Sweet Revenge eraus, dat vum Starproduzent Howard Besons produzéiert gouf. Mat dësem Album koum de weltwäiten Erfolleg, haut schwätzt ee vun der My Chemical Romance Explosion. Déi gréisst Musekszeitunge vun iwwerall op der Äerd hu sech em se gerappt, dausende vu T-Shirten a verschidden aner Merchandise goufen iwwer all op der Welt verkaaft an fir déi éischte Kéier gouf ee vun hiren Optrëtter bei MTV: TRL Live iwwerdroen, wou se mat enger Police-Eskort hu missen higefouert ginn, fir duerch d'Fans duerchzekommen.

Three Cheers For Sweet Revenge huet sech alleng an der éischter Woch an den USA iwwer 11.000 mol verkaaft an huet mëttlerweil Platinstatus erreecht. Mee den Erfolleg koum ze séier, besonneg de Gerard huet sech iwwerrannt gefillt an huet sech nees a seng Drogesucht geflücht, déi hie bis bal an de Suicid gedriwwen huet. Wéi alles no enger Eskalatioun ausgesinn huet, huet hie mam Bandmanager geschwat, deen hien dovunner iwwerzeege konnt, eng Therapie ze maachen. Mat Erfolleg.

Ufank 2005 huet My Chemical Romance Green Day op hirer American Idiot-Tour als Virband begleet a sinn kuerz dono selwer op grouss Welttournee gaangen.

The Black Parade [änneren]

Den 10. Abrëll 2006 gouf mat den Opnahmen ugefaangen a genee zwee Joer no Three Cheers For Sweet Revenge kënnt elo The Black Parade eraus, e Konzeptalbum zum Thema Doud, ënnert anerem duerch Krieps. D'Single Welcome To The Black Parade ass déi mat Ofstand erfollegräichste Single vun der Band an ass an den UK-Charts no der zweeter Woch op Plaz 1. En Highlight op The Black Parade ass den Titel Mama, bei deem d'Musicallegend Liza Minnelli op Wonsch vun der Band d'Gaaschtvocals iwwerholl huet.

Aflëss [änneren]

De gréisste musekaleschen Afloss hat um Ufank The Misfits, Morrissey, The Smiths an Iron Maiden op d'Entwécklung vun der Band. An der Tëschenzäit hu se hiren eegene Stil fonnd, dee gewëssermoossen aus enger Mëschung aus Comic, Horro a Fantasy besteet, wat sech an de Songtexter, Musekvideoen an op den CD-Coveren erëmspiggelt. D'Coveren sinn bal alleguer selwer vum Sänger Gerard Way, dee bei der Grënnung vun der Band als professionelle Comiczeechner geschafft huet.

Memberen [änneren]

Gerard Way 
Gerard Arthur Way (* 9. Abrëll 1977 zu Belleville, New Jersey) säi Papp kënnt aus Schottland a seng Mamm aus Italien. Hien huet virun der Bandgrënnung un der School of Visual Arts zu New York studéiert. Hie spillt och Gittar, dëst awer - wéi hie selwer behaapt - grauenhaft.
Ray Toro 
Raymond Manuel Toro-Ortiz (* 15. Juli 1977 zu Newark, New Jersey) ass puerto-ricanescher Ofstaammung.
Frank Iero
Frank Anthony Iero (* 31. Oktober 1981 zu Belleville, New Jersey) ass de jéngste Member. Nodeems decidéiert gouf, nieft dem Ray nach e weidere Gittarist anzesetzen, huet de Frank d'College (an och seng Band Pencey Prep) verlooss.
Mikey Way 
Michael James Way (* 10. September 1980 zu Newark, New Jersey) ass de Brudder vum Gerard. Hie war schonns a senger Highschoolzäit Bassgittarist bei der Band Raygun Jones. Och hien huet d'College ofgebrach, fir sech ganz der Band widmen ze kënnen.
Bob Bryar 
Robert Nathaniel Bryar (* 31. Dezember 1979 zu Chicago, Illinois) ass zënter August 2004 an der Band. Scho mat dräi Joer huet hien ugefaangen, Battrie ze spille. De Bob war fréier Soundtechniker bei The Used.

Fréier Memberen [änneren]

Matt Pelissier 
Matt Pelissier war bis August 2004 Drummer bei My Chemical Romance. Et gëtt keen offizielle Statement, firwat en d'Band verloosse misst. Hie schafft elo als Mecanicien.

Discographie [änneren]

Albumen [änneren]

DVDen [änneren]

  • 2006 - Life on the Murder Scene (Reprise Records)
  • 2008 - The Black Parade Is Dead (Reprise Records)

Singlen [änneren]

  • 2002 - Vampires will never hurt you
  • 2003 - Honey, This Mirror Isn't Big Enough for the Two of Us
  • 2004 - Headfirst for Halos
  • 2005 - I'm Not Okay (I Promise)
  • 2005 - Helena
  • 2005 - The Ghost of You
  • 2005 - Under Pressure (Orig. von Queen und David Bowie) (Download-Single)
  • 2006 - Welcome to the Black Parade
  • 2007 - Famous Last Words

Videographie [änneren]

  • Vampires Will Never Hurt You
  • Honey, This Mirror Isn't Big Enough for the Two of us
  • I'm Not Okay
  • Helena
  • The Ghost of You
  • Under Pressure with The Used
  • Welcome to the Black Parade
  • Famous Last Words

Verschiddenes [änneren]

  • 2005 - Funeral: The String Quartet Tribute to My Chemical Romance

My Chemical Romance zu Lëtzebuerg [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: My Chemical Romance – Biller, Videoen oder Audiodateien