Natalie Zemon Davis

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Natalie Zemon Davis, gebuer den 8. November 1928 zu Detroit, Michigan, ass eng kanadesch an US-amerikanesch Historikerin.

Trotz hirem héijen Alter beschäftegt si sech nach ëmmer mat Geschicht, mécht nach aktiv Recherchen a schreift un Aarbechten.

Si huet 9 Bicher geschriwwen an iwwer 80 Artikelen am Laf vun hirer Carrière verëffentlecht - e groussen Deel vun deenen Artikele sinn iwwer d'Sozial- a Kulturgeschicht vu Frankräich am 16. Joerhonnert.[1] 2010 gouf hir den Holberg International Memorial Prize iwwerreecht,[2] fir hir narrativ Approche un d'Geschicht z'éieren.

D'Davis ass e Pionéier um Feld vun der Sozialgeschicht a bekannt fir hir Reconstructioune vum Liewe vun normale Leit, zum Beispill Verkeefer, Aarbechter a Baueren aus dem 16. a 17. Joerhonnert an Europa. Si selwer beschreift sech folgendermoossen: "I've never felt I was the historian for queens and kings. It's the others who need me." [3] Hir zwéi bekanntste Wierker sinn Society and Culture in Early Modern France (1975) an The Return of Martin Guerre (1983).[4]

Si huet eng ganz speziell Aart a Weis fir Geschicht ze schreiwen a gëllt als eng vun deene kreatiivsten an aflossräichsten Historikerinne vun haut. Si bréngt Liewen an déi verschidde Personnagen, de Lieser kritt Abléck an de Charakteren hir Gedanken, Emotiounen asw.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Natalie Zemon Davis ass d'Duechter vu Judden déi am 19. Joerhonnert an Amerika ausgewandert sinn. Si ass op d'Kingswood School Cranbrook [5] gaangen an huet doropshin hier Studien um Smith College [6] absolvéiert. Si ass och nach op d'Harvard University gaangen an huet schliisslech 1959 op der University of Michigan hiert Doktorat erfollegräich absolvéiert.

Nach während hirem Studium, am Alter vun 20 Joer gouf si mam Chandler Davis, engem 22 Joer ale Mathematikstudent op der Harvard Universitéit bestuet. Fir dem Natalie Zemon Davis seng Eltere war d'Hochzäit vun deenen zwee e Skandal a Schock zugläich - si ware schockéiert datt hiert d'Meedchen en net-jiddesche Jong bestuet huet.[7] Déi jonk Koppel krut 3 Kanner, zwee Meedercher an e Jong.[8]

Schoul a Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Schonn deemools am Lycée huet d'Natalie Zemon Davis hir Begeeschterung fir d'Geschicht entdeckt, virun allem war si faszinéiert vun deene villen Iwwerraschungen déi d'Geschicht ëmmer erëm op en neits bereet gehalen huet. Als Schülerin huet si sech fir déi al Zivilisatiounen, d'modernt Europa an Geschicht vun Amerika interesséiert - virun allem huet hiert Interesse der athénescher Demokratie, dem Siècle des Lumières, der Franséischer Revolutioun an schlussendlech der Amerikanescher Revolutioun gegollt. Am Verglach mat den anere Schüler huet Zemon Davis immens gären auswenneg geleiert a konnt all déi geschichtlech Daten a Fakten immens gutt verhalen. De relativ freien Interesse fir d'Geschicht hänkt deels wahrscheinlech och mat hirer jiddescher Hierkonft zesummen an dem Besoin erauszefanne wou hir Wuerzelen zréckginn. An dësem Zesummenhang huet si sech och schonn am jonken Alter mat hirer jüdescher Geschicht ausernee gesat an d'Biographie vum Grënner vum Zionistesche Mouvement dem Theodore Herzl gelies.[7] Hiren Intresse a Begeeschterung fir Frankräich hu schonn am Lycée ugefaangen - d'Davis huet Franséisch geléiert. Si war faszinéiert vu Frankräich zum Beispill vum Anouilh sengem Wierk Antigone, dem Jean-Paul Sartre senge Wierker a vun deenen neien philosophesche Bewegungen a Frankräich.[9] Des Weideren huet si Frankräich och ëmmer a Verbindung mat der Franséischer Revolutioun an dem Siècle des Lumières bruecht, wat si nach ëm sou méi un dem europäesche Land faszinéiert huet.[10] Et ass wichteg z'ernimmen datt d'Davis während hirer Studienzäit ëmmer politesch aktiv war a sech politesch engagéiert huet.[11] Mer schreiwen d'Joer 1949 an d'Natalie Zemon Davis gesäit sech selwer als engagéiert Aktivistin. Si an hire Joergang hu sech fir den Opbau vun Europa nom 2. Weltkrich interesséiert, déi nei UNO ënnerstëtzt an schlussendlech och fir de Fridden an der Welt agesat.[7] Si ass verschiddenen Organisatioune bäigetrueden zum Beispill der American Youth Democracy, der Marxist Discussion Group an den Young Progressives. Ënnerhalb vun dëse Gruppen huet si an hir Komeroden iwwer Rassismus, Rechter an d'Recht op fräi Schwätzen diskutéiert.[12] Ier si 1952 Amerika verlooss huet mat hirem Mann fir 6 Méint Recherche op Lyon a Frankräich ze maachen, war si bedeelegt un engem Pamphlet mam Numm "Operation Mind".[7] An dem Pamphlet huet si déi net konstitutionell Aktivitéite vum HUAC - dem House Un-American Activities Committee) ugeklot. Während hirem Openthalt a Frankräich huet, den University of Michigan Council for the Arts, Sciences and Professions [13], d'Wierk verëffentlecht. Dee Fait wäert eng wichteg Roll am weidere Liewe vum Davis an hirem Mann spillen - hire Mann den Chandler Davis hatt virun der Rees a Frankräich de Scheck beim Printer ënnerschriwwen an doropshin huet den déi Informatioun un den FBI weiderginn op Verdacht dat d'Koppel kommunistesch wier.[7] Op hirem Retour an Amerika am Hierscht 1952 gouf hinnen hire Pass ofgeholl a si däerften Amerika 8 Joer laang net méi verloossen. ref>Cf. ZEMON DAVIS, A Passion for History (wéi Umierkung 8), S. 4.</ref> Dat schlëmmst fir d'Natalie war, datt si ouni hire Pass net mäi konnt a Frankräich reesen an un hiren Dokumenter a Quellen an am Archiv vu Lyon schaffen.[7] Hiert politescht Engagement ass deenen zwee am kommunistesch feindlechen Amerika zum Verdierwe ginn. Den Pamphlet "Operation Mind" huet eng ausschlaggebend Roll am Weiderverlaf vun hirer Zukunft gespillt : Den Chandler Davis huet seng Aarbecht verluer [14], seng Plaz als Mathematikprofesser op der University of Michigan huet hie missen opginn.[15] Des Weideren ass hire Mann 1953 virgeluede gi fir virum HUAC [16] auszesoen an 1960 ass hien op 6 Méint Prisong verklot gi wéinst "contempt of congress"[17], hie gouf awer no 5 Méint wéinst gudder Conduite entlooss.[18] Déi Zäit wou hire Mann am Prisong war huet d'Natalie Davis op der Brown University ënnerriicht an hir kleng Famill versuergt.[19] Mä dem Chandler Davis säi Prisongsopenthalt hat weider Konsequenze fir d'Famill, well all Kéier wann hie sech fir eng Plaz op enger Universitéit gemellt huet, ass den FBI intervenéiert a seng Demande gouf ofgeleent.[18] Dovun ofgesinn datt hire Mann aarbechtslos war hat si sech och nach ëm hir 3 kleng Kanner ze bekëmmeren. Den eelsten, de Jong ass 1953 op d'Welt komm an déi 2 Meedercher 1954 an 1957.[18] Hir Kanner sinn also an der Period op d'Welt komm wou d'Famill mat finanziellen awer och existenzielle Problemer ze kämpfen hat. No enger Rei Joer voller Suergen a Problemer gouf hirem Mann schliisslech 1962 eng Plaz op der University of Toronto ugebueden [19] - déi Offer war den Ufank vun enger besserer a méi stabiler Zäit fir d'ganz Famill Davis. Trotzdeem huet d'Davis et ni als Laascht ugesinn datt hir Kanner während sou enger schwiereger Zäit op d'Welt komm sinn an enger Ried vun 1997 sot si folgendes : "Sometimes I tyed with a child on my lap [...] Having children helped me as a historian. It humanized me; it taught me about psycholgy and personal relations [...] ; it revealed the power of family, rarely treated by historians in those days." [7] Vum Ament un, wéi si hire Pass erëmkritt hat, ass si e bësse ronderëm gereest an huet Recherchen an den Archiven zu Lyon an zu Genf gemaach [7] - si war endlech erëm e fräie Mënsch a konnt hir Aarbecht richteg fortsetzen. Leider krut Natalie Davis keng fix Platz am Geschicht Departement op der University op Toronto ugebueden, si krut zwar Offeren aus anere Beräicher mä dat war net dat wat si maache wollt. 10 Joer no hirem Depart a Kanada gouf hir 1972 eng Plaz op der University of Berkeley [20] ugebueden, no laangem Iwwerleeën a Beschwätze mat hirem Mann huet si d'Plaz ugeholl. Hire Mann ass mat den dräi Kanner a Kanada bliwwen an d'Natalie ass eleng a Kalifornien geplënnert fir hirem Beruff nozegoen.[21] Vun Ufank u war awer kloer datt dat net déi ideal Léisung fir d Famill wier a just en temporären Zoustand sollt sinn - tëscht Toronto a Berkeley ware 6 Stonnen.[22] Schliisslech gouf der Natalie Davis eng Plaz op der Princeton University [23] ugebueden.[22] 1978 huet d'Davis d'University of Berkeley verlooss an ass op d'Princeton University gewiesselt an huet do weider 18 Joer ënnerriicht bis si a Pensioun gaangen ass.[24]

D'Natalie Zemon Davis an d'Juddentum[änneren | Quelltext änneren]

Ofstamend vun enger jüdescher Famill,déi am 19. Joerhonnert an Amerika ausgewandert ass, ass d'Natalie Zemon Davis an engem jiddeschen Ëmfeld grouss ginn an opgewuess. Hir Mamm huet si ëmmer als streng gleeweg duergestallt an et war och hir Mamm déi während Joren de Kontakt mat hirem Meedche verweigert huet well hatt en net jiddesche Jong bestued huet.

Si hat an all deene Joren ëmmer gemëscht Gefiller wat den israelesche Staat a Palestina ugaangen ass, si ass zwar der Meenung datt Israel déi richteg Plaz ass fir jiddesch Flüchtlingen aus aller Welt opzehuelen par Kontra ënnerstëtzt si kengeswees dat araberfeindlecht Behuele vu verschiddene Judden. Si seet vu sech selwer : " As for Israel, I had never been a partisan of the nationalist elements of Zionism." [25]

Während hirer éischter Israel Rees 1976 hat si gemëschten an ambivalent Gefiller. Engersäits war si faszinéiert vun deenen alen an historesche Bauten zu Jerusalem a vun der Diversitéit tëscht de Judden - Judden aus aller Welt déi all op enger Platz zesummekommen, däi Mass vun hebräescher Literatur asw.[26] Mä anerersäits war si och ze déifst schockéiert vun de Liewenskonditiounen an Ëmstänn an deenen d'palestinensesch Vollek gelieft huet - vill vun hire Frënn hunn an Haiser gewunnt déi virdun arabesche Famille gehéiert hunn, déi se awer verloosse misste well se ëmgesidelt gi sinn.[27] Dat heescht och als Jüddin ënnerstëtzt si kengeswees all d'Decisioune déi vum israelesche Staat gemaach gi sinn an de lescht Joren. Als Historikerin behält si eng objektiv Siicht op dat wat an hirem Ursprongsland geschitt.

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • The Return of Martin Guerre, Cambridge 1983.
  • Women on the Margins: Three Seventeenth-century Lives, Cambridge 1995.
  • Trickster Travels: A Sixteenth-Century Muslim Between Worlds, New York 2006.
  • Aufgezählter Listeneintrag The Gift in Sixteenth-Century France, Wisconsin 2000.
  • Society and Culture in Early Modern France. Eight Essays, Standford, 1975.
  • "Women's History in Transition: the European Case" in: Feminist Studies (Volume 3, Issue 3), p. 83-103,1975.
  • "Women in the Crafts in Sixteenth-Century Lyon" in: Feminist Studies (Volume 8, Issue 3), p. 47-80, 1982.
  • "Ghosts, Kin and Progeny; Some Features of Family Life in Early Modern France" in: Daedalus (Volume 106, Issue 2), p. 87-114, 1977.
  • "Women and the World of Annales" in: History Workshop Journal (Volume 33), p. 121-137, 1992.
  • "Beyond the Market: Books as Gifts in Sixteenth-Century France" in: Transactions of the Royal Historical Society (Volume 33), 1983.
  • "Frauen und Gesellschaft am Beginn der Neuzeit: Studien über Familie, Religion und die Wandlungsfähigkeit des sozialen Körpers." Frankfurt am Main 1989.
  • "Fiction in the Archives: Pardon Tales and Their Tellers in Sixteenth-Century France." Cambridge 1988.
  • "Lebensgänge: Gikl, Zwi Hirsch, Leone Modena, Martin Guerre, Ad me ipsum." Berlin 1998.
  • "Slaves on Screen: film and Historical Vision."Toronto 2007.
  • "L'Histoire tout feu tout flamme, with Denis Crouzet." Paris 2004.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Interview with Natalie Zemon Davis. (Leschten Zougrëff: 1.6.2012)
  2. Holberg International Memorial Prize, (Leschten Zougrëff: 1.6.2012)
  3. Natalie Zemon Davis Holberg Prize.(Leschten Zougrëff: 1.06.2012)
  4. http://www.enotes.com/natalie-z-davis-criticism/davis-natalie-z / (Leschten Zougrëff: 1.6.2012)
  5. http://schools.cranbrook.edu/podium/default.aspx?t=107992 (Leschten Zougreff: 1.6.2012)
  6. http://www.smith.edu/ (Leschten Zougreff: 1.6.2012)
  7. 7,0 7,1 7,2 7,3 7,4 7,5 7,6 7,7 http://www.acls.org/Publications/OP/Haskins/1997_NatalieZemonDavis.pdf (Leschten Zougreff: 1.6.2012)
  8. ZEMON DAVIS, Natalie, A Passion for History. Conversations with Denis Crouzet. Missouri 2010, p.3.
  9. Cf. ZEMON DAVIS, A Passion for History (wéi Umierkung 8), S. 138.
  10. Cf. ZEMON DAVIS, A Passion for History (wéi Umierkung 8), S. 3.
  11. Cf. ZEMON DAVIS, A Passion for History (wéi Umierkung 8), S. 3
  12. Cf. ZEMON DAVIS, A Passion for History (wéi Umierkung 8), S. 8.
  13. http://www.umich.edu/ (Leschten Zougreff: 1.6.2012)
  14. Cf. ZEMON DAVIS, A Passion for History (wéi Umierkung 8), S. 147.
  15. Cf. ZEMON DAVIS, A Passion for History (wéi Umierkung 8), S.145.
  16. Cf. ZEMON DAVIS, A Passion for History (wéi Umierkung 8), S. 148.
  17. http://www.annarbor.com/news/u-m-professor-fired-for-political-views-returns-to-campus/ (Leschten Zougreff: 1.6.2012)
  18. 18,0 18,1 18,2 Cf. ZEMON DAVIS, A Passion for History (wéi Umierkung 8), S. 149.
  19. 19,0 19,1 Cf. ZEMON DAVIS, A Passion for History (wéi Umierkung 8), S. 151.
  20. http://berkeley.edu/ (Leschten Zougreff: 1.6.2012)
  21. Cf. ZEMON DAVIS, A Passion for History (wéi Umierkung 8), S. 152.
  22. 22,0 22,1 Cf. ZEMON DAVIS, A Passion for History (wéi Umierkung 8), S. 159.
  23. http://www.princeton.edu/main/ (Leschten Zougreff: 1.6.2012)
  24. Cf. ZEMON DAVIS, A Passion for History (wéi Umierkung 8), S. 160.
  25. Cf. ZEMON DAVIS, A Passion for History (wéi Umierkung 8), S. 162.
  26. Cf. ZEMON DAVIS, A Passion for History (wéi Umierkung 8), S. 162.
  27. Cf. ZEMON DAVIS, A Passion for History (wéi Umierkung 8), S. 163.