Nicolas Namur

Vu Wikipedia
Nicolas Namur
Gebuer 20. August 1824
Lëtzebuerg
Gestuerwen 29. Juni 1912
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Zockerbäcker


Den Nicolas Namur, gebuer den 20. August 1824 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 29. Juni 1912[1], war e lëtzebuergeschen Zockerbäcker.

1851 ass den Nicolas Namur vu Le Havre aus op New York an Amerika gaangen, fir do seng Ausbildung als Zockerbäcker, déi hien zu Nanzeg an zu Paräis ugefaangen hat, virunzeféieren.[2]

1854 huet hien zu Sacramento a Kalifornien eng Patisserie opgemaach, déi hie bis 1861 gefouert huet, wéi hie wéinst dem amerikanesche Biergerkrich op Lëtzebuerg zeréckkomm ass.[3]

1863 huet hien zu Lëtzebuerg säin éischt Geschäft opgemaach.

1904 huet hie säi Betriib u säi Jong Georges Namur iwwerginn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Nicolas Namur (1824-1912) | WikiTree FREE Family Tree. www.wikitree.com. Gekuckt de(n) 2020-06-07.
  2. Notre histoire - Namur. www.namur.lu. Gekuckt de(n) 2020-06-07.
  3. Namur: 155 ans de passion. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 2020-06-07.