Oeuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Oeuvre nationale de secours grande-duchesse Charlotte ass eng lëtzebuergesch ëffentlech Ariichtung, vun där hiren Aufgaben déi bekannsten déi ass, d'Nationallotterie z'organiséieren.

De President vum Verwaltungsrot gëtt vum Grand-Duc ernannt, déi aner Membere vum Regierungschef.

Inhaltsverzeechnes

Geschicht [änneren]

D'Oeuvre gouf de 25. Dezember 1944 vun der Groussherzogin Charlotte an der Exilregierung zu London geschaaft, fir Suen ze sammelen, fir de lëtzebuergesche Krichsaffer ze hëllefen.

Dofir gouf um Nationalfeirdag, den 23. Januar 1945 eng Souscriptioun organiséiert, wou d'Leit opgeruff goufen, den Equivalent vun engem Dag Pai ze spenden. Op deem Wee koume 4.621.274,34 Frang zesummen. Wéi d'Grande-Duchesse aus hirem Exil hannescht op Lëtzebuerg koum, goufe bannent 24 Stonnen 280.806,80 Frang gesammelt, fir de Palais mat Blummen ze rëschten.

Den 13. Juli 1945 gouf dann duerch e Groussherzoglechen Arrêté d'Nationallotterie an d'Liewe geruff, fir regelméisseg Fongen eranzekréien, ouni Souscriptiounen organiséieren ze mussen.

Vun den Nettorecette vun der Nationallotterie kritt d'Oeuvre 30/72, deemno eppes manner wéi d'Hallschent.

Dës Sue ginn haut agesat fir Projeten am soziale Beräich z'ënnerstëtzen.

D'Oeuvre gëtt ausserdeem vum Justizministère consultéiert, wann dësen eng Demande agereecht krut, eng Lotterie oder Tombola z'organiséieren, an de Wäert vun de Billjetë méi héich ewéi 2.500 Euro ass. Hiren Avis ass bindend fir de Ministère.

Resultater 2011[1] [änneren]

Den Oeuvre National huet 2011 eppes iwwert 20 Milliounen Euro erakrut. 15,6 Milliounen dovunner goufen nees un déi sëlleche Beneficiairë verdeelt. Dat war méi oder wéineger grad sou vill wéi dat Joer virdrun.

De gréissten Deel, also 1/4 vum Gesamtresultat (ronn 5 Milliounen), goungen un de Fonds National de Solidarité, 3,3 Milliounen un d'Office Sociaux, allkéiers 1,15 Milliounen Euro kruten d'Rout Kräiz, d'Caritas an d'Ligue de Prévention et d'Action Médico-Sociale an 1 Millioun den COSL.

D'Krichsaffer, fir déi d'Oeuvre gegrënnt gi war, kruten 2011 just nach am ganzen 65.905 Euro.

D'Recettë komme virun allem duerch d'Nationalloterie. D'Loterie Nationale huet 2011 46,3 Milliounen Euro erakrut, 7,15% méi wéi 2010. Hiert Nettoresultat loung bei 17,5 Milliounen Euro.

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. Quell vun dësem Kapitel: " 'Oeuvre National' (sic): 2011 eng 15,6 Mio weiderverdeelt." RTL.lu - 03.07.2012, 14:56 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.07.2012, 16:31.