Ons Identitéit
Informatiounen zum Film
| Filmdaten | ||
|---|---|---|
| Originaltitel: | Ons Identitéit | |
| Produktiounsland: | Lëtzebuerg | |
| Produktiounsjoer: | 2010 | |
| Dauer: | 48 Minutten | |
| Originalsprooch: | Lëtzebuergesch | |
| Equipe | ||
| Regie: | Den Team | |
| Dréibuch: | Jacques Schiltz Lars Schmitz |
|
| Kamera: | Jacques Schiltz Lars Schmitz Rick Schmitz |
|
| Musek: | Sacha Hack | |
| Produzent: | Den Team | |
| Haaptacteuren | Fabrice Bernard Katharina Bintz Marc Gerard Michelle Hollman Anna Katina Xenia Katina Anne Klein Jhang Krier Luc Lamesch Konstantin Rommelfangen Frederik Schlechter Tom Schmitz Yves Schmitz Gilles Seyler Julie Kieffer Nic Werdel |
|
| Filmportal - Film no Joren - Film no Länner | ||
Ons Identitéit ass eng lëtzebuergesch No-Budget-Produktioun aus dem Joer 2010. De Film ass aus der Zesummenaarbecht vu jonke Leit aus oder ronderëm den TNL entstan. Am Generique gëtt de Regisseur net gewisen.
Et ass eng Satir ëm de Patriotismus an d'Nationalidentitéit déi ronderëm de Béier dréiht, a méi speziell ëm de Lëtzebéier, oder wéi de Wirtsen Emil et ausdréckt:
"Et gëtt nach ëmmer e puer Leit, déi wësse firwat hir Grousselteren am Krich gekämpft hunn: Si hu fir ons Existenz gekämpft, fir ons Kultur . . . a fir onse Béier. Mir mussen eis hei am Land dofir asetzen datt fir onse BÉIER gekämpft gëtt!"
D'Première war den 13. November 2010 am Ciné Sura zu Iechternach. Zënter dem 2. Dezember 2010 kann de Film on-line, mat oder ouni däitschen oder franséischen Ënnertitelen, gekuckt ginn.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Zitat aus dem Film
D'Ausseministesch: "... soss kritt der esou eng an d’Suddel, datt der mengt de MUDAM wier e Musée!"
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
- Hei kennt Dir de Film kucken
- D'Websäit vum Film
- Ons Identitéit, onsen Interview mam Jacques Schiltz a Lars Schmitz op socrates.lu
- Crise d'identité, Bespriéchung am Quotidien vum 29. Dezember 2010