Panzerkräizer Potemkin
Informatiounen zum Film
| Filmdaten | ||
|---|---|---|
| Originaltitel: | Броненосец Потёмкин | |
| Produktiounsland: | UdSSR | |
| Produktiounsjoer: | 1925 | |
| Dauer: | 75 Minutten | |
| Originalsprooch: | Stommfilm (russesch Zwëschentitelen) | |
| Equipe | ||
| Regie: | Sergei Eisenstein, assistéiert vum Grigori Alexandrow | |
| Dréibuch: | Nina Agadshanowa Sergei Eisenstein russesch Zwëschentitelen: Nikolai Aseiew Sergei Tretjakow |
|
| Kamera: | Edouard Tissé Wladimir Popow |
|
| Musek: | ||
| Produzent: | Goskino | |
| Haaptacteuren | Alexander Antonow als Grigori Vakulintschuk Wladimir Barski als Kommandant Golikow Grigori Alexandrow als Offizéier Giliarowski Michail Gomorow als Matrous Matuschenko |
|
| Filmportal - Film no Joren - Film no Länner | ||
Panzerkräizer Potemkin (russ. Originaltitel Броненосец Потёмкин) ass e Stommfilm vum Regisseur Sergei Eisenstein aus dem Joer 1925.
Ëm wat geet et am Film? [änneren]
D'Handlung ass fiktiv, mä baséiert op engem Evenement aus dem Joer 1905, an zwar op der Revolt vun der Equipage géint déi zaristesch Offizéier, um russesche Krichsschëff, Knjas Potjomkin Tawritscheski, genannt nom Fürst Grigori Potjomkin,
Den Eisenstein huet an deem Film, deen am Stil vun der kommunistescher Propaganda gehalen ass, seng Theorië vun der Filmmontage getest, mat deenen hien eng méiglechst staark emotional Reaktioun beim Publikum ervirruffe wollt. Säin Experiment war e grousse Succès, souwuel beim Publikum wéi och bei de Filmtheoretiker, déi seng zum Deel nei Iddien approuvéiert hunn.
Déi bekanntest Zeen aus dem Film ass déi vum Massaker op der Trap fir erof an den Hafe vun Odessa: Zaristesch Zaldote marschéiere mat rhythmesche Schrëtt wéi onbeséilte Maschinnen eng Trap erof déi keen Enn ze hu schéngt, woubäi se onbarmhäerzeg an d'Leit schéissen, déi zesummekomm ware fir de revolutionäre Matrouse vum Panzerschëff Potjomkin hir Sympathie auszedrécken. Nodeems se och eng Mamm erschoss hunn, rullt där hir Kannerkutsch déi freeschlech laang Trap erof. Déi Trapenzeen fënnt een zënterhier an anere Filmer erëm, ënner anerem am Francis Ford Coppola sengem The Godfather, dem Brian De Palma senger Versioun vun The Untouchables an dem Woody Allen sengem Kaméidisfilm Bananas.
Filmkritik an der Press [änneren]
De Film gouf an den 1950er Jore vum britesche Kinosmagazin Sight and Sound, als "Beschte Film vun allen Zäiten" gelueft.
Spawecklinks [änneren]
| Commons: Panzerkräizer Potemkin – Biller, Videoen oder Audiodateien |