Paul Séjourné

Vu Wikipedia
Paul Séjourné
De Paul Séjourné an héijem Alter, am Ornat vun der Académie des sciences
Gebuer 21. Dezember 1851
Orléans
Gestuerwen 15. Januar 1939
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École polytechnique,
École nationale des ponts et chaussées
Aktivitéit Bauingenieur, Ingenieur, Wëssenschaftler, Universitéitsprofesser
Member vun Académie des sciences


De Paul Séjourné, gebuer den 21. Dezember 1851 zu Orléans a gestuerwen de 15. Januar 1939 zu Paräis, war e franséischen Ingenieur an Erbauer vun e sëllege gemauerte Brécken, dorënner d'Nei Bréck zu Lëtzebuerg, fir déi hien en ettlech Innovatiounen agefouert huet.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Paul Séjourné huet 1873 d'École polytechnique an 1876 d'École nationale des ponts et chaussées ofgeschloss.

D'Joer drop huet en als Ingénieur des ponts et chaussées ugefaangen, als éischt zu Mende, duerno zu Marmande wou e sech och bestuet huet, a schliisslech zu Toulouse. 1896 huet en de Staatsdéngscht bei der franséischer Stroossebauverwaltung verlooss, fir zu Dijon als Ingénieur en Chef fir d'Eisebunnsgesellschaft PLM ze schaffen.

Seng Aarbecht zu Dijon huet en awer genuch Zäit gelooss fir niewelaanscht nach anere Projeten ze verwierklechen, wéi z. B. d'Plange vun der 1899 bis 1903 an der Stad Lëtzebuerg gebauten Adolphe-Bréck. Hien huet eng Abberzuel Ännerungen um Albert Rodange sengen urspréngleche Pläng duerchgesat, dorënner d'Ersetze vun engem grousse Bou duerch zwéi parallel Duebelbéi, d'Baue vun de Béi an e puer Loen déi ënnerenee verbonne sinn, an d'Fuerpist aus Bëtong armé.

1927 ass de Séjourné am Alter vu 76 Joer an d'Pensioun gaangen. Eelef Joer drop ass en no laanger Krankheet gestuerwen, a gouf um Kierfecht Montmartre bäigesat.

An der Stad erënnert e Piedchen tëscht der Rue de la Semois an dem Péitrussdall un hien.

Konzeptioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Nei Bréck kann ee sonner Zweiwel als säi Meeschterwierk bezeechnen. Deemools war si mat hirer Spannwäit vu 84,65 m bei wäitem déi gréisst Steeboubréck vun der Welt, an huet dem Séjourné international Unerkennung bruecht, wat souguer dozou gefouert huet, datt bestëmmt Eisebunnsbrécken als "no Aart vum Séjourné" bezeechent goufen. Haut gëtt et Honnerte vu Brécken, déi vu Bauwierker vum Séjourné inspiréiert sinn.

Seng bekanntst eege Wierker sinn:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]