Peter Carl Fabergé

Vu Wikipedia
Peter Carl Fabergé
Gebuer 30. Mee 1846
Sankt Péitersbuerg
Gestuerwen 24. September 1920
Nationalitéit Russescht Keeserräich
Aktivitéit Erfinder, Goldschmadd
Famill
Papp Gustav Fabergé
Fabergé-Ee mat Reider

De Peter Carl Fabergé (Russesch Петер Карл Фаберже; gebuer den 30. Mee 1846 zu Sankt Petersburg, a gestuerwen de 24. September 1920 zu Lausanne) war e russesche Goldschmadd a Bijoutier, dee besonnesch duerch seng Fabergé-Eeër weltbekannt gouf.

50 vu sengen Eeër huet de Fabergé fir déi russesch Zarefamill gebaut. Eng Dose soll e fir privat Clientë fabrizéiert hunn.

Haut leien am Kreml zéng Febergé-Eeër, déi englesch Kinnigin huet der dräi, d'Herrscherhaus vu Monaco huet eent. 2004 sollten der néng bei Sotheby's zu New York versteet ginn. Dat konnt de russeschen Oligarch a Konschtsammler Wiktor Wekselberg awer verhënneren; hien huet s'alleguer kaaft.

Wéinst hirem Wäert spille Fabergé-Eeër och a Filmer eng Roll. Am James Bond-Film Octopussy ass den Held op der Sich no engem Ee, dat an déi falsch Hänn gerode war. Am Film Ocean's Twelve spillt e Fabergé-Ee nieft dem Brad Pitt, der Catherine Zeta-Jones an dem George Clooney eng wichteg Roll.

En Ee, dat de Fabergé 1902 fir d'Banquiersfamill Rothschild gebaut hat, gouf am Hierscht 2007 bei Christie's zu London fir 12,5 Milliounen Euro versteet.

Fabergé-Ee mat Lilien

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fabergé Eeër – Biller, Videoen oder Audiodateien