Pierre Curie

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Foto vum Pierre Curie

De Pierre Curie, gebuer de 15. Mee 1859 zu Paräis a gestuerwen de 19. Abrëll 1906 zu Paräis, war e franséische Physiker a Chemiker.

Scho während sengem Studium op der Sorbonne huet de Pierre Curie, zesumme mat sengem Brudder Jacques, wichteg Verbesserungen vun der Moosstechnik gemaach duerch d'Entdeckung vun der Piezoelektrizitéit (1880).

No sengem Bestietnes mat der Maria Skłodowska (1895) hu si zesummen d'Radioaktivitéit vun Uraneärzer erfuerscht. Dobäi huet de Pierre Curie méi déi physikalesch Aspekter iwwerholl. Zesumme mat senger Fra Marie huet de Pierre Curie d'Elementer Polonium a Radium entdeckt.

Zesumme mat dem Henri Becquerel hunn de Pierre an d' Marie Curie 1903 de Nobelpräis fir Physik kritt.

1904 gouf de Pierre Curie Professer op der Sorbonne. Hien ass 2 Joer méi spéit bei engem Autosaccident ëm d'Liewe komm.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen