Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dës Lëscht vun den Nobelpräisdréier an der Physik ass en Deel vun de Referenztabellen.
| Joer |
Numm |
Sujet |
| 1901 |
Wilhelm Conrad Röntgen (Däitschland) |
"als Unerkennung fir den aussergewéinlechen Déngscht den hien duerch seng Entdeckung vun de Röntgestrahlen geleescht huet." |
| 1902 |
Hendrik Antoon Lorentz (Holland) & Pieter Zeeman (Holland) |
" als Unerkennung fir den aussergewéinlechen Déngscht de si duerch hir Fuerschungen um Afloss vum Magnetismus op Stralungsphenomener (Zeeman Effet) geleescht hunn". |
| 1903 |
Antoine Henri Becquerel (Frankräich) |
"als Unerkennung fir den aussergewéinlechen Déngscht den hien duerch seng Entdeckung vun der spontaner Radioaktivitéit geleescht huet." |
| Pierre (Frankräich) & Marie Curie (Polen/Frankräich) |
"als Unerkennung fir déi aussergewéinlech Déngschter déi si duerch hir gemeinsam Fuerschung un der Radioaktivitéit, geleescht hunn ." |
| 1904 |
John William Strutt, Baron Rayleigh (England) |
"fir seng Ënnersichunge vun den Dichte vun de wichtegste Gasen a seng Entdeckung vum Argon" |
| 1905 |
Philipp Eduard Anton von Lenard (Däitschland) |
"fir seng Aarbecht u Kathodestrahlen" |
| 1906 |
Sir Joseph John Thomson (England) |
"als Unerkennung git déi grouss Verdéngschter vu sengen theoreteschen an experimentellen Ënnersichunge vum Leede vu Stroum a de Gasen" |
| 1907 |
Albert Abraham Michelson (Polen/USA) |
"fir seng optesch Prezisiounsinstrumenter an déi spektroskopesch a metrologesch Ënnersichungen déi dermat gemaach goufen" |
| 1908 |
Gabriel Lippmann (Frankräich) |
"fir seng Method, déi um Phenomen vun der Interferenz baséiert, fir Faarwe photographesch ze reproduzéieren" |
| 1909 |
Guglielmo Marconi (Italien) & Karl Ferdinand Braun (Däitschland) |
"als Unerkennung fir hir Beiträg zur Entwécklung vun der kabelloser Telegrafie" |
| Joer |
Numm |
Sujet |
| 1910 |
Johannes Diderik van der Waals (Holland) |
"Fir seng Aarbecht un der Zoustandsgläichung vu Gasen a Flëssegkeeten" (van der Waals Kraaft) |
| 1911 |
Wilhelm Wien (West Preussen, haut Polen) |
"fir seng Entdeckungen am Bezuch op d’Gesetzer vun der Hëtztstrahlung" (Wien Gesetz) |
| 1912 |
Nils Gustaf Dalén (Schweden) |
"fir seng Erfindung vun automatesche Regulatoren déi zesumme mat Gas-Akkuën fir d’Beliichtung vu Liichttierm a Bojen benotzt ginn" |
| 1913 |
Heike Kamerlingh-Onnes (Holland) |
"fir seng Ënnersichunge vun den Eegenschafte vun der Matière bei niddregen Temperaturen, déi, ënnert anerem, zur Produktioun vu flëssegem Helium gefouert hunn" |
| 1914 |
Max von Laue (Däitschland) |
"fir seng Entdeckung vun der Streeung vu Röntgestrahlen un Kristaller" |
| 1915 |
Sir William Henry Bragg (England) & William Lawrence Bragg (Australien) |
"fir hir Déngschter an der Analys vun der Kristallstruktur mat Hëllef vu Röntgestrahlung" |
| 1916 |
|
(gouf keen Nobelpräis verginn) |
| 1917 |
Charles Glover Barkla (England) |
"fir seng Entdeckung vun der charakteristëscher Röntgestrahlung vun den Elementer" |
| 1918 |
Max Planck (Däitschland) |
"als Unerkennung fir déi Déngschter dei hien dem Fortschrëtt vun der Physik geleescht huet duerch seng Entdeckung vun den Energiequanten" |
| 1919 |
Johannes Stark (Däitschland) |
"fir seng Entdeckung vum Doppler Effet a Kanalstrahlen, an dem Splécke vun den Spektrallinnen an elektresche Felder" (Stark Effet) |
| Joer |
Numm |
Sujet |
| 1920 |
Charles Edouard Guillaume (Schwäiz/Frankräich) |
"als Unerkennung fir den Déngscht den hien de Prezisiounsmiessungen an der Physik geleescht huet duerch seng Entdeckung vun Anormalien an Néckel-Stol Légéierungen" |
| 1921 |
Albert Einstein (Däitschland) |
"fir seng Déngschter fir theoretesch Physik, a besonnesch fir seng Erklärung vum photoelektreschen Effet" |
| 1922 |
Niels Henrik David Bohr (Dänemark) |
"fir seng Déngschter an der Ënnersichung vun der Sruktur vun Atomer an vun der Strahlung déi vun hinne fort geet" |
| 1923 |
Robert Andrews Millikan (USA) |
"fir seng Aarbecht un der elementarer elektrescher Luedung an dem photoelektrëschen Effet" |
| 1924 |
Karl Manne Georg Siegbahn (Schweden) |
"fir seng Entdeckungen an Fuerschung am Beräich vun der Röntgespektroskopie" |
| 1925 |
James Franck (Däitschland) & Gustav Ludwig Hertz (Däitschland) |
"fir hir Entdeckung vun den Gesetzer déi den Impakt vun engem Elektron op engem Atom beschreiwen" |
| 1926 |
Jean Baptiste Perrin (Frankräich) |
"fir seng Aarbecht un der diskontinuirlescher Struktur vun der Matière, a besonnesch fir seng Entdeckung vum Sedimentatiouns-Equilibrium" |
| 1927 |
Arthur Holly Compton (USA) |
"fir seng Entdeckung vun deem no him benannten Effet" (Compton Effet) |
| Charles Thomson Rees Wilson (England) |
"fir seng Method fir Trajectoiren vun elektresch geluedenen Deelercher duerch Kondensatioun vun Damp sichtbar ze machen" |
| 1928 |
Owen Willans Richardson (England) |
"fir seng Aarbecht um thermo-ionesche Phenomen, a besonnesch fir d’Entdeckung vum Gesetz dat no him benannt gouf" |
| 1929 |
Prince Louis-Victor Pierre Raymond de Broglie (Frankräich) |
"fir seng Enteckung vun der Wellennatur vum Elektron" |
| Joer |
Numm |
Sujet |
| 1930 |
Sir Chandrasekhara Venkata Raman (Indien) |
"fir seng Aarbecht un der Streeung vu Liicht, a fir d'Entdeckung vum no him benannten Effet" |
| 1931 |
|
(gouf keen Nobelpräis verginn) |
| 1932 |
Werner Karl Heisenberg (Däitschland) |
"fir d'Grënnung vun der Quantemechanik, deren Uwendung, ënnert anerem, zu der Entdeckung vun allotropesche Forme vum Waasserstoff gefouert huet" |
| 1933 |
Erwin Schrödinger (Eisträich) & Paul Adrien Maurice Dirac (England) |
"fir d'Entdeckung vun neie produktive Forme vun der Atomtheorie" |
| 1934 |
|
(gouf keen Nobelpräis verginn) |
| 1935 |
James Chadwick (England) |
"fir seng Entdeckung vum Neutron" |
| 1936 |
Victor Franz Hess (Eisträich) |
"fir seng Entdeckung vu kosmescher Strahlung" |
| Carl David Anderson (USA) |
"fir seng Entdeckung vum Positron" |
| 1937 |
Clinton Joseph Davisson (USA) & George Paget Thomson (England) |
"fir hir experimentell Entdeckung vun der Streeung vun Elektronen u Kristaller" |
| 1938 |
Enrico Fermi (Italien) |
"fir säi Beweis vun der Existenz vun neie radioaktiven Elementer déi duerch Neutronebestrahlung entstane sinn, an fir seng domat verbonnen Entdeckung vun duerch lues Neutronen ausgeléisten nukleare Reaktiounen" |
| 1939 |
Ernest Orlando Lawrence (USA) |
"fir d'Erfindung an Entwécklung vum Zyklotron an fir d'Resultater déi domat erzielt gi sinn, a besonnesch am Bezuch op kënschtlesch radioaktiv Elementer" |
| Joer |
Numm |
Sujet |
| 1940 |
|
(gouf keen Nobelpräis verginn) |
| 1941 |
| 1942 |
| 1943 |
Otto Stern (Däitschland) |
"fir säi Bäitrag zur Entwécklung vun der Molekularstrahl Method a senger Entdeckung vum magnéitesche Moment vum Proton" |
| 1944 |
Isidor Isaac Rabi (Galicia, haut Polen) |
"fir seng Method mat Resonanz magnéitesch Eegenschafte vun Atomkären ze mossen" |
| 1945 |
Wolfgang Pauli (Eisträich) |
"fir d'Entdeckung vum Ausschléissungsprinzip, deen och Pauli-Prinzip genannt gëtt" |
| 1946 |
Percy Williams Bridgman (USA) |
"fir d'Erfindung vun engem Apparat fir extrem héijen Drock ze produzéieren, a fir seng Entdeckungen déi hien am Beräich vun der Physik vum héijen Drock gemaach huet" |
| 1947 |
Sir Edward Victor Appleton (England) |
"fir seng Ënnersichunge vun der Physik vun der ieweschter Atmosphär, an besonnesch fir d'Entdeckung vun der sougenannter Appleton-Schicht" |
| 1948 |
Patrick Maynard Stuart Blackett (England) |
"fir seng Entwécklung vun der Wilson Damp Kummer a seng Entdeckungen am Beräich vun der Nuklearphysik vu kosmescher Strahlung" |
| 1949 |
Hideki Yukawa (Japan) |
"fir seng, op senger theoretescher Aarbecht vun nukleare Kräfte baséirend Virausso vun der Existenz vun Mesonen" |
| Joer |
Numm |
Sujet |
| 1960 |
Donald Arthur Glaser (USA) |
"fir d'Erfindung vun der Bullekummer" |
| 1961 |
Robert Hofstadter (USA) |
"fir seng pionéierlesch Ënnersichunge vun der Streeung vun Elektronen an Atomkären, an déi dobäi erreeschten Entdeckungen am Bezuch op d'Struktur vun den Nukleonen" |
| Rudolf Ludwig Mössbauer (Däitschland) |
"fir seng Fuerschungen un der Resonanz Absorptioun vu Gamma Strahlung a seng domat verbonnen Entdeckung vum Effet de säin Numm dréit" (Mössbauer Effet) |
| 1962 |
Lev Davidovich Landau (Sovjetësch Unioun) |
"fir seng pionéierlesch Theorie fir kondenséiert Matière, besonnesch flëssegen Helium" |
| 1963 |
Eugene Paul Wigner (Ungarn) |
"fir seng Bäiträg zu der Theorie vun Atomkären an elementaren Deelercher, besonnesch duerch d'Entdeckung an d'Uwendung vu fundamentale Symmetrie Prinziper" |
| Maria Goeppert-Mayer (Katowice, haut Polen) & J. Hans D. Jensen (Däitschland) |
"fir hir Entdeckunge wat d'nuklear Schuelestruktur ugeet" |
| 1964 |
Charles Hard Townes (USA) & Nicolay Gennadiyevich Basov (Sovjetësch Unioun) & Aleksandr Prokhorov (Australien/Sovjetësch Unioun) |
"fir fundamental Aarbecht am Domän vun der Quantenelektronik, déi zur, um Prinzip vum Maser-Laser baséirend, Konstruktioun vun Oszillatoren a Verstärkere gefouert huet" |
| 1965 |
Sin-Itiro Tomonaga (Japan) & Julian Schwinger (USA) & Richard Phillips Feynman (USA) |
"fir hir fundamental Aarbecht an der Quantenelektrodynamik, mat déifgrënnege Konsequenze fir d'Physik vun den elementaren Deelercher" |
| 1966 |
Alfred Kastler (Guebwiller, deemools Däitschland, haut Frankräich) |
"fir d'Entdeckung an d'Entwécklung vun optesche Methoden fir Hertz Resonanzen an Atomer ze studéieren" |
| 1967 |
Hans Albrecht Bethe (Strasbourg, deemools Däitschland, haut Frankräich) |
"fir seng Bäiträg zu der Theorie vun nukleare Reaktiounen, a besonnesch seng Entdeckungen am Bezuch op d'Energieproduktioun an de Stären" |
| 1968 |
Luis Walter Alvarez (USA) |
"fir seng entscheedend Bäiträg zu der Physik vun den elementaren Deelercher, a besonnesch d'Entdeckung vun enger grousser Zuel vun Resonanz Zoustänn, erméiglecht duerch seng Weiderentwécklung vun der Technik fir Waasserstoff Bullenkummeren ze benotzen an der Datenanalys" |
| 1969 |
Murray Gell-Mann (USA) |
"fir seng Bäiträg an Entdeckunge wat d'Klassifikatioun vun den elementaren Deelercher an hiren Interaktiounen ugeet" |
| Joer |
Numm |
Sujet |
| 1970 |
Hannes Olof Gösta Alfvén (Schweden) |
"fir fundamental Aarbecht an Entdeckungen an der Magnéit-Hydrodynamik, mat fruchtbaren Uwendungen an verschiddene Beräicher vun der Plasmaphysik" |
| Louis Eugene Félix Néel (Frankräich) |
"fir fundamental Aarbecht an Entdeckungen am Bezuch op Antiferromagnéiten an Ferrimagnéiten, déi zu wichtegen Uwendungen an der Festkierperphysik gefouert hunn" |
| 1971 |
Dennis Gabor (Ungarn) |
"fir seng Entdeckung an Entwécklung vun der holografescher Method" |
| 1972 |
John Bardeen (USA) & Leon Neil Cooper (USA) & John Robert Schrieffer (USA) |
"fir hir zesummen entwéckelt Theorie vun der Superleedung, och dacks BCS-Theorie genannt" |
| 1973 |
Leo Esaki (Japan/USA) & Ivar Giaever (Norwegen) |
"fir hir experimentell Entdeckungen am Bezuch op Tunnelphenomener an Hallef- an Superleederen" |
| Brian David Josephson (England) |
"fir seng theoretesch Virausso vun den Eegenschafte vun engem Superstroum duerch eng Tunnel Barrière, an besonnesch déi Phenomener dei allgeméng als Josephson Effet bekannt sinn" |
| 1974 |
Allebéid |
"fir hir pionéierlesch Fuerschung an der Radio Astrophysik" |
| Sir Martin Ryle (England) |
"fir seng Oberservatiounen an Erfindungen, besonnesch vun der Ëffnungs Synthesen Technik" |
|
Antony Hewish (England) |
"fir seng entscheedend Roll an der Entdeckung vun Pulsaren" |
| 1975 |
Aage Niels Bohr (Dänemark) & Ben Roy Mottelson (USA) & Leo James Rainwater (USA) |
"fir d'Entdeckung vun der Verbindung tëschent kollektiver Bewegung a Partikelbewegung an Atomkären, an d'Entwécklung vun der Theorie vun der Struktur vum Atomkär, déi op dëser Verbindung berout" |
| 1976 |
Burton Richter (USA) & Samuel Chao Chung Ting (USA) |
"fir hir Pionéieraarbecht bei der Entdeckung vun engem neie schwéieren Deelchen" (J Deelchen) |
| 1977 |
Philip Warren Anderson (USA) & Sir Nevill Francis Mott (England) & John Hasbrouck van Vleck (USA) |
"fir hir fundamental theoretesch Ënnersichunge vun der elektronescher Struktur vu magnéiteschen an ongeuerdnete Systemer" |
| 1978 |
Pyotr Leonidovich Kapitsa (Russland) |
"fir seng fundamental Erfindungen an Entdeckungen am Beräich vun der Physik vun den niddregen Temperaturen" |
| Arno Allan Penzias (Däitschland/USA) & Robert Woodrow Wilson (USA) |
"fir hir Entdeckung vun der kosmescher Mikrowellen Hannergrond Strahlung" |
| 1979 |
Sheldon Lee Glashow (USA) & Abdus Salam (Pakistan) & Steven Weinberg (USA) |
"fir hir Bäiträg zu der Theorie vun den vereenegte schwaachen an elektromagnéiteschen Interaktiounen tëscht elementaren Deelercher, an och, ënnert anerem, hir Virausso vun de schwaachen neutrale Stréim" |