Wilhelm Wien

Vu Wikipedia
Wilhelm Wien
Gebuertsnumm Wilhelm Carl Werner Otto Fritz Franz Wien
Gebuer 13. Januar 1864
Gestuerwen 30. August 1928
München
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit Göttingen,
Universitéit vu München,
Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Physiker, Universitéitsprofesser, theoreetesche Physiker
Member vun Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Bayeresch Wëssenschaftsakademie

De Wilhelm Carl Werner Otto Fritz Franz Wien, gebuer den 13. Januar 1864 zu Gaffken bei Fischhausen, dem haitege Primorsk an Ostpreisen, a gestuerwen den 30. August 1928 zu München war en däitsche Physiker. Hien hat virun allem d'Gesetzméissegkeete vun der thermescher Stralung erfuerscht a krut 1911 dofir den Nobelpräis fir Physik.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Wien gouf als Jong vum Ritterguttsbesëtzer Carl Wien gebuer. 1866 ass seng Famill op Drachstein, zu Rastenburg an Ostpreise geplënnert. 1879 goung hien zu Rastenburg an d'Schoul. Hien hat awer de Kolléisch wéinst schlechte Leeschtunge missen ënnerbriechen, mä krut dunn eng Privatléier. Vun 18801882 ass hien dann nees an de Kolléisch gaangen, déi Kéier zu Königsberg. Am Joer 1882 studéiert hien op der Universitéit Göttingen an op der Universitéit Berlin.

Vun 18831885 huet hien am Laboratoire vum Hermann von Helmholtz geschafft a krut säin Doktertitel am Joer 1886. Vun 1889 u war hien als Assistent beim von Helmholtz op der Physikalesch Technescher Reichsanstalt beschäftegt an huet sech dunn 1892 op der Universitéit Berlin habilitéiert.

1896 gouf hien Dozent um Léierstull vum Adolf Wüllner op der RWTH Aachen a gouf 1899 als uerdentleche Professer op d'Universitéit Gießen beruff, huet awer schonn 1900 d'Nofolleg vum Wilhelm Conrad Röntgen op der Würzburger Universitéit ugetrueden. Enn 1919 goung hien op München, fir nees d'Nofolleg vum Röntgen unzetrieden. De Wien ass 1928 mat 64 Joer gestuerwen.

No him genannt gouf de Willy-Wien-Laboratoire vun der PTB um Terrain vun der WISTA zu Berlin-Adlershof.

Säi Koseng Max Wien (18661938) war ee vun de Pionéier vun der Héichfrequenztechnik. Dem Wilhelm Wien säi Jong Karl Wien gouf bekannt als Extrem-Alpinist.

Wierken[änneren | Quelltext änneren]

De Wien entwéckelt 1893/94 d'Verrécklungsgesetz, an 1896 d'Stralungsgesetz. 1900 vertrëtt de Wien d'Opfaassung, datt all d'physikalesch Prozesser vun elektromagnéitescher Natur sinn an d'Mass vun engem Kierper komplett aus senger elektromagnéitescher Energie mat berechebar ass, wat e wichtege Schrëtt a Richtung vun der Equivalenz vu Mass an Energie war. Als iwwerzeegten Unhänger vun engem elektromagnéitesche Weltbild setzt sech de Wien och intensiv mat de Problemer vun den deemolegen Äethertheorien auserneen an entwéckelt 1904 Differentialequatioune vun der Elektrodynamik vu beweegte Kierper. Hien zielt dofir zu de Virleefer vun der spezieller Relativitéitstheorie.

1911 krut de Wilhelm Wien den Nobelpräis an der Physik fir d'Aarbechten iwwer d'Wäermtstralung.

Weider Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wilhelm Wien – Biller, Videoen oder Audiodateien