Pilsner Urquell

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Brauereispaart

Pilsner Urquell, op Tschechesch Plzeňský Prazdroj ass e Béier, deen zënter 1842 zu Pilsen (Plzeň), der véiertgréisster Stad an der Tschechescher Republik, gebraut gëtt.

De Pilsener Urquell, dee vum bayeresche Braumeeschter Josef Groll entwéckelt gouf, ass de Modell vun alle spéidere Pils-Béierzorten. Fir d'Produktioun gëtt Happ aus der Géigend ronderëm Žatec gebraucht. De Goût vum Pilsener Urquell ass zimlech batter.

Kuerz nodeems Pilsen als Stad 1295 gegrënnt gouf, krut et d'Recht fir ze Brauen. Fir d'éiescht schrëftlech ernimmt gouf d'Béierbrauen am Joer 1307, wéi de Wolfram Zwinilinger seng Brauerei a seng Mälzerei der Helleger Bartelméis-Kierch mat Testament vermaach huet.

Pilsener Urquell ass och zu Lëtzebuerg ze kréien.

Commons: Brewery Plzeňský Prazdroj – Biller, Videoen oder Audiodateien