Priedegtstull

Vu Wikipedia

De Priedegtstull oder Kanzel ass eng Plaz a Kierchen, an och a Synagogen a Moscheeën, vun där aus gepriedegt gëtt. Well et fréier keng Lautsprecheranlage gouf, ass dee Stull dacks méi héich an iwwer eng Trap z'erreechen. Driwwer ass en Daach, de Schalldeckel, deen d'Schallwellen op d'Léit ënne reflektéiert.

A protestantesche Kierche gëtt de Priedegtstull ëmmer nach benotzt; an de kathouleschen dogéint net méi, well en no der Liturgiereform vum Ambo ofgeléist gouf. An enger Rei kathoulesche Kierche steet awer nach de Priedegtstull, well en dacks wéinst sengen Dekoratioune vu konschthistoreschem Wäert ass.

Priedegtstull an der Kierch zu Munneref
Oppene Priedegststull an der Fassad vun der Gräinskapell

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Priedegtstill – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Priedegtstill zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien