Provënz Südholland
Dëse Geographiesartikel iwwer Holland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Provënz Südholland | |
---|---|
Basisdaten | |
Land | Holland |
Haaptstad | Den Haag |
Fläch |
|
Awunner | 3.805.000 (2023) |
Bevëlkerungsdicht | 1410/km² Land |
Reliounen | Protestantesch: 24 % Kathoulesch: 15 % Islamesch: 8 % Hinduistesch: 2 % |
ISO 3166-2 | NL - ZH |
Websäit | Provënz Südholland |
Lag | |
D'Provënz Südholland (nl: Zuid-Holland) ass eng vun den zwielef hollännesche Provënzen. Si läit am Weste vum Land an ass déi déckst besiidelt, an och déi mat deene meeschten Industrieen.
D'Haaptstad ass Den Haag,
Nopeschprovënze sinn am Norden Nordholland, am Osten Utrecht a Gelderland, am Südosten Nordbrabant, an am Süde Zeeland. Am Weste stéisst se un d'Nordséi.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Wichteg Stied sinn Den Haag wou och de Regierungssëtz ass an den Internationale Geriichtshaff, a Rotterdam. Leiden, Delft, Dordrecht, Schiedam a Gouda sinn historesch Stied.
Am Südoste vu Rotterdam stinn d'Mille vu Kinderdijk, déi zum UNESCO-Weltierwen zielen.
Flëss a Kanäl sinn ënner anerem d'Nieuwe Maas, de Nieuwe Waterweg, d'Oude Maas, den Haringvliet an d'Hollands Diep.
Am Süde vun der Provënz leien am Rhäindelta vill Inselen, déi duerch Brécken an Däicher matenee verbonne sinn:
- Goeree-Overflakkee
- Tiengemeten
- Voorne-Putten
- Rozenburg
- IJsselmonde
- Hoeksche Waard
- Eiland van Dordrecht
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Provënz Südholland ass 1840 entstanen duerch Deelung vun der aler Provënz Holland a Süd- an Nordholland.
Gemengen
[änneren | Quelltext änneren]Zanter 2023 huet Südholland 50 Gemengen.
(Awunnerzuel um Stand am Joer 2023).
- Alblasserdam (20.000)
- Albrandswaard (26.000)
- Alphen aan den Rijn (114.000)
- Barendrecht (49.000)
- Bodegraven-Reeuwijk (36.000)
- Capelle aan den IJssel (68.000)
- Delft (106.000)
- Den Haag (563.000)
- Dordrecht (121.000)
- Goeree-Overflakkee (52.000)
- Gorinchem (38.000)
- Gouda (75.000)
- Hardinxveld-Giessendam (19.000)
- Hendrik-Ido-Ambacht (32.000)
- Hillegom (22.000)
- Hoeksche Waard (90.000)
- Kaag en Braassem (29.000)
- Katwijk (67.000)
- Krimpen aan den IJssel (30.000)
- Krimpenerwaard (58.000)
- Lansingerland (65.000)
- Leiden (127.000)
- Leiderdorp (28.000)
- Leidschendam-Voorburg (78.000)
- Lisse (23.000)
- Maassluis (35.000)
- Midden-Delfland (19.000)
- Molenlanden (45.000)
- Nieuwkoop (29.000)
- Nissewaard (87.000)
- Noordwijk (45.000)
- Oegstgeest (26.000)
- Papendrecht (32.000)
- Pijnacker-Nootdorp (58.000)
- Ridderkerk (47.000)
- Rijswijk (58.000)
- Rotterdam (664.000)
- Schiedam (81.000)
- Sliedrecht (26.000)
- Teylingen (39.000)
- Vlaardingen (75.000)
- Voorne aan Zee (74.000)
- Voorschoten (26.000)
- Waddinxveen (33.000)
- Wassenaar (27.000)
- Westland (115.000)
- Zoetermeer (127.000)
- Zoeterwoude (9.400)
- Zuidplas (47.000)
- Zwijndrecht (45.000)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: South Holland – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Statistieken provincie Zuid-Holland, AlleCijfers