Quentin Massys

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Quentin Massys (Variante vum Virnumm si Quinten oder Kwinten, vum Familljennumm Massijs, Matsijs, Matsys oder Metsys), gebuer ëm 1466 zu Léiwen a gestuerwe 1530 zu Antwerpen, war e flämesche Moler a Matgrënner vun der Antwerpener Molerschoul.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Massys hat fir Konschtschmadd geléiert an dee Beruff och ufanks ausgeübt. Hien huet awer och gemoolt, a wéi e 1491 op Antwerpen geplënnert ass, gouf en do an d'St.Lukas-Molergild opgeholl. Hien huet sech mat der Alyt van Tuylt bestuet; d'Koppel hat dräi Kanner. Nom Doud vum Alyt, 1507, huet hie sech e Joer drop mat der Catherina Heyns bestuet, mat där en zesumme 10 weider Kanner hat, dorënner de Jan an de Cornelis, déi méi spéit och Moler goufen.

De Massys stoung a Kontakt mat ville bekannte Moler vu senger Zäit, dorënner dem Hans Holbein an dem Albrecht Dürer.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Säin éischt bekannt Wierk ass d'Altorbild D'Helleg Famill fir d'St. Pieterskerk zu Léiwen (1507-09).

Aner bekannt Biller sinn D'Kräische wéinst dem Christus sengem Doud (1508-1511, haut Koninklijk Museum voor Schone Kunsten, e Portrait vum Erasmus vu Rotterdam (haut Galleria Nazionale d'Arte Antica am Palazzo Barberini zu Roum), De Sue-Léinert a seng Fra (1514, haut am Louvre zu Paräis an Eng grotesk al Fra (1525-30, haut National Gallery (London)).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Quentin Massys – Biller, Videoen oder Audiodateien