Roberto Mancini

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Roberto Mancini

De Roberto Mancini, gebuer de 27. November 1964 zu Jesi, Italien, ass en italienesche Foussballtrainer a fréiere Foussballspiller.

Als Foussballspiller huet hien ënner aanerem beim FC Bologna, bei Lazio Roum a bei Sampdoria Genua gespillt, mat deenen hie jeeweils eemol de Championnat gewonn huet, a jeeweils eemol de Supercup. Ausserdeem huet hie mat Lazio och den UEFA Cup gewonn (1999). 1997 ass hien als beschte Spiller vun der ganzer Serie A gewielt ginn.

Als Trainer ass hie genau sou erfollegräich wéi als Spiller; zu senge gréisste berufflechen Héichpunkter gehéiert seng Zäit vu 2004 bis 2008, wou e mat Inter Mailand dräimol déi italienesch Meeschterschaft, zweemol déi italienesch Coupe an zweemol den italieneschen Supercup gewonn huet.

Zënter dem 19. Dezember 2009 ass de Mancini Trainer vu Manchester City mat deem hie schonn den englesche Pokal gewonn huet (2011).

Hien ass 2008 zum beschte Foussballtrainer vun der Serie A, 2010 an 2011 zum beschten Trainer vun der Premier League gewielt ginn.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen