Routeech
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Routeech | |||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Blieder vun der Routeech |
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||
|
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
| Quercus rubra Linnaeus |
|||||||||||||||
D' Routeech, Quercus rubra, ass e Bam aus der Famill vun de Bucheplanzen, dee vun Natur aus am ëstlechen Nordamerika vun der Küst bis un de Rand vun de Prärie virkënnt.
Et ass e Bam dee méi séier wéi déi europäesch Eeche wiisst, a gëtt zënter 1840 mat Erfolleg an Europa ugeplanzt.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Quercus borealis var. maxima
De Quercus borealis var. maxima Marsh. ass eng Varietéit vun der Routeech aus dem Süde vun den USA. Si ënnerscheet sech doduercher dat hir Blieder hänken a méi déi ageschnidde sinn, op all Säit 6 Läppercher hunn, a méi grouss Eechelen droen.
[änneren] Zuuchtformen
Eng bekannt Zuuuchtform ass de Quercus rubra forma aurea, där hir jonk Blieder intensiv goldgiel sinn. Am Laf vum Summer verblatzen se e bësselchen a kënne gréng Faarftéin kréien.
[änneren] Aarten déi der Routeech gläichen
Zu den Aarten déi der Routeech gläichen[1] gehéieren d'Suppeneech (Quercus palustris), d'Fierwereech (Quercus velutina) an d'Scharlacheech (Quercus coccinea).
[änneren] Referenzen
- ↑ Alan Mitchel. Die Wald- und Parkbäume Europas. Paul Parey Verlag. Säit 243.