Rupes
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Rupes (latäin fir „Spléck“ „Rëss“ „Gruef“ „Rëtz“) ass an der Geologie an Planetologie d’Bezeechnung fir laanggestreckt Rëss um Äerdmound an op aneren Himmelskierper vum Sonnesystem. Als schmuel, verdéifte Linnstrukture vu bis zu 400 km Längt sinn si en Zeechen fir Spannungskraafte bannen an der Gestengs- oder Äiskuuscht.
Op dem äerdmound hunn epuer vun dëse Rupes méi de Charakter vun enger Gelännstuf als e Gruef, wéi de Rupes Altai an déi "Laang Mauer" (Rupes Recta). Dës „Mauer“ ass keen 100 km laange Rampli, wéi ee bei Hallefmound menge kéint, mä nëmmen een Hank dee 10° schréi ass a mat opsteigendem Sonnestand bal onsiichtbar gëtt.
Rupes (Spléck) um Äerdmound [änneren]
- Rupes Altai
- Rupes Boris
- Rupes Cauchy
- Rupes Kelvin
- Rupes Liebig
- Rupes Mercator
- Rupes Recta
- Rupes Toscanelli.
Kuckt och [änneren]
- Moundrill (Rima)