Safran

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Safran
Crocus sativus

Crocus sativus
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Planzeräich
Ofdeelung: Bléieplanzen
Klass: Liliopsida
Uerdnung: Asparagales
Famill: Schwäertliljeplanzen
Gattung: Krokus
Aart: Safran
Wëssenschaftlechen Numm
Crocus sativus
L


Safran (vum Persesche za'farān زعفران, „sief giel“, wëssenschaftlechen Numm Crocus sativus) ass eng Krokus-Aart, an och den Numm vun de Stempele vun hire violette Bléien, déi als Gewierz gebraucht ginn.

Dës Aart ass eng triploid Mutatioun vum Crocus cartwrightianus, deen op Kreta virkënnt. Se huet en dräifache Chromosomesaz an ass dofir unfruchtbar; se kann nëmmen vegetativ duerch Knollendeelung vermehrt ginn.

Fir ee Kilo Safran-Stempelen ze gewannen, brauch et 80.000 bis 150.000 Bléien op enger Ubaufläch vu ronn 1000 Quadratmeter. D'Recolte ass op der Hand, e Pléckert kann sou 60 bis 80 Gramm an engem Dag asammelen. Do derbäi kënnt, datt de Safran nëmmen eemol am Joer, am Hierscht, während zwou Woche blitt. Dofir zielt de Safran zu deenen deierste Gewierzer iwwerhaapt; e kascht tëscht 4 a 14 Euro pro Gramm.

Safran gëtt am Iran (ronn 90% vum Weltmaart) a ronderëm d'Mëttelmier ugebaut.

Gedréchent Safranfiedem

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Moshe Negbi: Saffron - Crocus sativus L. Harwood Acad.Publ., Amsterdam 1999, ISBN 90-5702-394-6
  • Heidrun Janner: Safran - Crócus sativus: historische, soziokulturelle, phytochemische, ökonomische und anbautechnische Aspekte einer alten Kulturpflanze.Dipl. Arb., Univ. für Bodenkultur, Wien 1998
  • Heike E. Sunder-Plassmann: Safran - Crocus sativus Linnaeus var. culta autumnalis; Phytologie, Inhaltsstoffe, Produktion, Verarbeitung, Verwendung, Qualität, Vermarktung. Dipl.Arb., Univ. Wien, Wien 2005

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Safran – Biller, Videoen oder Audiodateien