Saint-Barthélemy (Insel)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Saint-Barthélemy (och St. Barts genannt) ass eng Insel vun de Klengen Antillen, déi, als Pays et Territoire d'Outre-Mer (PTOM) zu Frankräich gehéiert. Bis Februar 2007 war si Deel vum Iwwerséidepartement Gouadeloupe, duerno war se, bis den 31. Dezember 2011, eng Commune d'Outre-mer .

Saint-Barthélemy huet eng Fläch vun 21 km² an eng 6.900 Awunner (1999), deemno 327 Awunner pro km².

Wope vu St.-Barthélemy, mat de Fleurs de Lys vum franséische Kinnek, dem Malteserkräiz an de schwedesche Krounen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Insel, op där Karaiben gelieft hunn, gouf 1493 vum Christoph Kolumbus entdeckt an nom Schutzpatroun vu sengem Brudder Bartolomeo genannt.

1648 hunn d'Fransousen ugefaangen, d'Insel ze koloniséieren. 1651 huet d'franséisch Kroun d'Insel un de Malteseruerde verkaaft. 5 Joer drop sinn d'Siidler vun den Indigènë verdriwwe ginn, an eréischt 1763 hu sech op en Neies franséisch Siidler do néiergelooss. Si koume virun allem aus der Normandie an der Bretagne, wat och nach haut am patois vun den Awunner ze héieren ass.

Well d'Insel net vill hirginn huet - d'Drénkwaasser z. B. huet misse mat Schëffer erbäitransportéiert ginn -, huet de franséische Kinnek Louis XVI. se 1785 dem schwedesche Kinnek Gustav III., am Tosch géint en Handelsrecht mat Göteborg, iwwerlooss. Nom Gustav genannt ass déi haiteg Haaptstad Gustavia. Deen Hafen hat de Status vun engem Fräihandelshafen an ass wirtschaftlech opgeblitt, bis 1852 e Feier bal déi ganz Uertschaft zerstéiert huet. Den 10. August 1877 hunn d'Fransousen d'Insel nees fir 80.000 Francs zréckkaaft.

Bis an d'Hallschent vum 20. Joerhonnert huet d'Insel vu Fëschfank, e bësse Landwirtschaft a Kottengsubau gelieft. Dunn hunn e Grappvoll Milliardären, dorënner den David Rockefeller an den Edmond de Rothschild Gefalen un der ofgeleeëner Insel fonnt, a sech do Villae baue gelooss. Och e Luxushotel, wou d'Stare vun deemools sech d'Klensch an d'Hand ginn hunn, huet mat dozou bäigedroen, datt St. Barthélemy haut eng Zort Monaco an der Karibik ass. Luxustourismus ass dann och d'Haaptwirtschaftsquell vun der Insel.

Den Hafe vu Gustavia.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Als Collectivité d'outre-mer gëtt Saint-Barthélemy vun engem Conseil territorial verwalt, deen aus19 Membere besteet, an engem Conseil exécutif vu 7 Memberen an engem President.

Dës Collectivitéit huet Kompetenzen, vun enger Gemeng, engem Departement an enger Regioun, wou applikabel. Sëtz ass den Hôtel de la Collectivité, am Gebai vum fréiere Gemengenhaus, zu Gustavia.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Saint-Barthélemy – Biller, Videoen oder Audiodateien