Sede Boker
Sede Boker, och Sde Boker (hebr.: שדה בוקר "Feld vum Mueren"), ass e Kibbuz an der Mëtt vum Negev, eppes 50 km südlech vu Beersheba un der Strooss no Mitzpe Ramon.
De Kibbuz Sede Boker zielt zu de bekanntesten israelesche Kibbuzen. Dat ass dorop zréckzeféieren, datt hei den israelesche Staatsgrënner a fréiere Premierminister David Ben Gurion säin Haus hat. Säi Graf läit nëmme e puer Kilometer südlech vun dësem Kibbuz, bei der "Ben-Gurion-Akademie" Midreschet Ben Gurion. Dës, vum Ben Gurion gegrënnten Negev-Héichschoul befaasst sech virun allem mat der Fro vun der Notzung an Entwëcklung vun de Wüstegebidder. Se gehéiert zur Ben-Gurion-Universitéit vum Negev zu Beersheba.
Sede Boker gouf de 15. Mee 1952 vu fréieren Zaldote gegrënnt. Ee Joer no sengem Récktrëtt als Premierminister ass de Ben Gurion dem Kibbuz beigetratt. Hannert dëser Decisioun stoung den zionistesche Dram, "d'Wüst zum Bléien ze bréngen". Besonnesch no der israelescher Staatsgrënnung am Mee 1948 sinn eng ganz Rei vun esou Siidlunge geschaaft gi mam Zil, d'Wüst landwirtschaftlech notzbar ze machen. No puer Méint ass de Ben Gurion rëm an d'aktiv Politik zréckgaangen an huet sech eréischt 1963 definitiv op Sede Boker zréckgezunn, wou hien 1973 gestuerwen ass.
De Kibbuz lieft haut haaptsächlech vum Wäibau a vum Ubau vun Uebst. Kuckeswäert an der Noperschaft ass d'nabatäesch Ruinestad Avdat an d'Oas vun En Avdat.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Sede Boker – Biller, Videoen oder Audiodateien |