Seegelschëff
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Seegelschëff (Schëffsnumm dacks mat SS uginn) ass e Schëff, dat ganz oder haaptsächlech opgrond vu senge Seegel duerch d'Kraaft vum Wand viru gedriwwe gëtt. Seegelschëffer waren zënter der Antikitéit bis zum 19. Joerhonnert déi wichtegst Verkéiersmëttel fir den Transport vu Gidder a Persounen op laange Strecken um Mier. Si goufe vum 19. Joerhonnert un duerch Dampschëffer a Motorschëffer ersat. Bis gutt an dat 19. Joerhonnert eran, waren och déi meescht Krichsschëffer Seegelschëffer. Kleng Seegelschëffer ginn als Seegelboote bezeechent.
Inhaltsverzeechnes |
Opbau a Klassement [änneren]
Seegelschëffer hunn op mannst ee Mast, ee Seegel an och als Géigestéck am Waasser e Kiel, deen déif an d'Waasser era reecht, an ee Schwäert oder méi Säiteschwäerter, besonnesch bei Schëffer mat plattem Buedem.
En Ënnerscheed gëtt gemaach tëscht zwou Aarte vu Seegelen:
- Rahsegel, déi an enger Rah ugeschloe ginn an haaptsächlech queesch zur Faartrichtung orientéiert sinn, a
- Schratsegel, déi a Richtung vun der Längt vun der Schëffssachs ubruecht sinn. Zu de leschte gehéieren:
- Héichsegel oder Bermudasegel: dräieckege Seegel, déi um oder hannert dem Mast ubruecht sinn an deenen hiren ënneschten Deel hanne vun engem Bam opgespaant gëtt.
- Gaffelsegel, déi d'Form vun engem Trapéiz hunn an un enger Gaffel gefuer ginn.
- Laténgersegel, dräieckeg oder trapéizfërmeg Seegel, déi an der Faartrichtung queesch zum Mast a mat engem Deel virum Mast hänken.
- Luggersegel, déi tëscht Gaffelsegel a Laténgersegel ze klasséiere sinn an dacks ouni Bam gefuer ginn.
- Sprietsegel, véiereckegt Seegel, déi vum viischten ënneschten Eck bis zum ieweschten Eck vum Mast hänken.
- Krebsscherensegel
- Spreizgaffelsegel
- Stagsegel
Historesch Entwécklung [änneren]
Type vu Seegelschëffer [änneren]
- Bark
- Brigantine
- Brigg
- Dau
- Dschunke
- Ewer
- Fregatt
- Gabarre
- Galeasse, Dräimaster mat Latëngersegelen
- Galéi
- Galeone
- Gulet
- Hansekogge
- Holk
- Karacke
- Karavell
- Klipper
- Korvett
- Kraweel
- Lädine
- Pinasse
- Pinisi
- Schebecke
- Schoner
- Schonerbark (Barkentine)
- Vollschëff
- Zeesenboot
Net spezifesch Bezeechnunge fir Seegelschëffer sinn z. B.: Dräimaster, Groussseegler, Fënneffmastschëff oder Windjammer.
Berühmt Seegelschëffer [änneren]
- Santa Maria, Admirolsschëff vum Christoph Kolumbus op senger éischter Rees, (1492)
- Mayflower, Schëff dat déi éischt Emigranten (Pilgrims) vun Europa no Nordamerika bruecht huet
- HMS Victory, Admirolsschëff vum Nelson (1805,an der Schluecht vu Trafalgar)
- Le Renard, Aacht a lescht Schëff, dat vum Pirat Robert Surcouf arméiert a benotzt gouf (1813)
- America, Éischte Vainqueur vum America-Cup (1851)
- Cutty Sark, Berühmte Clipper op de Reesen op der Sich no Téi (1869), kann zu London als Muséeschëff besicht ginn
- Belem, leschte franséischen Dräimaster (1896)
- Pen Duick, Serie vu Seegelbooter gebaut oder kaaft vum Éric Tabarly
- Pamir, Berühmten däitsche Véiermaster (1905)
- Mercator, Muséeschëff zu Oostende, dat fréier als Schoulschëff vun der belscher Marine benotzt gouf
- Gorch Fock , Seegelschoulschëff vun der däitscher Marine (1958)
- Vasa, Schëff aus dem 17. Joerhonnert, dat am Vasamuseet zu Stockholm (Schweden) besicht ka ginn
Literatur [änneren]
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Seegelschëffer – Biller, Videoen oder Audiodateien |