Servais-Haus (Boulevard Royal)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Haus vum Emile Servais um Bouelvard Royal an der Stad. Fir d'Servais-Haus zu Miersch (haut Nationale Literaturzenter), kuckt wgl. Servais-Haus (Miersch).
Servais-Haus
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'35,179"N, 6°7'35,440"O
Detail iwwer der Entrée vum Gebai.

D'Servais-Haus um Boulevard Royal an der Stad Lëtzebuerg ass en Haus aus dem Enn vum 19. Joerhonnert. D'Haus gouf vum Émile Servais (1847-1928) no de Pläng vum Pierre Funck baue gelooss. Et ass eent vun deene wéinege Gebaier aus där Zäit déi bis haut um Boulevard Royal erhale sinn.

D'Haus steet op der Nr. 59, op der Kräizung mat dem Boulevard F.D.-Roosevelt an der Avenue Marie-Thérèse, um westlechen Enn vum Haiserblock tëschent der Ënneschtgaass an dem Boulevard Roosevelt.

Opfälleg ass, datt d'Haus mat rouden Zille gebaut ass. D'Haaptentrée ass an engem Fassadegiewel mat Balcon an huet e monumentaalt Portal.

D'Gebai gehéiert der BGL BNP Paribas, déi et zanter Abrëll 2015 dem Lux Future Lab - en Inkubator fir Start-Up Sociétéiten a Beräicher wéi der Fin-Tech, de Social Media an dem Entertainment - zur Verfügung stellt.[1]

Zanter dem 4. Februar 2022 ass d'Gebai als nationaalt Kulturierwe klasséiert:[2].

Geschicht vum Haus[änneren | Quelltext änneren]

1893 huet den Émile Servais, deen an der Kongregatiounsstrooss gewunnt huet, den Terrain nieft dem Casino Luxembourg vun der Société anonyme du Casino de Luxembourg ofkaaft fir do e Familljenhaus bauen ze loossen[3]. D'Pläng ware vum Architekt Pierre Funck, deen och d'Pläng vum Casino niewendru gezeechent hat[3].

1928 ass den Émile Servais a sengem Haus um Boulevard Royal gestuerwen[4].

No 1945 haten noeneen eng Bank mat Reesbüro (Banque et Bureau de voyages Derulle-Wigreux et fils), de Reesbüro Jos. Weitzel, d'Banque Lambert Luxembourg, d'Banque générale du Luxembourg an d'ABBL (Association des banquiers, Luxembourg) hir Büroen am Gebai[3].

Nodeems 2012 d'House of Finance op de Kierchbierg geplënnert ass, stoung d'Gebai dräi Joer eidel[5]. Am Abrëll 2015 huet dunn d'BGL BNP Paribas d'Gebai dem Lux Future Lab zur Verfügung gestallt. 2015 haten 19 Start Ups hir Büroen am Gebai[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Servais-Haus um Boulevard Royal op der Websäit Industrie.lu [1]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Wammer, K., 2015. Lux Future Lab, Großer Andrang für frische Ideen. Luxemburger Wort vum 23. Abrëll 2015, S.12.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  3. 3,0 3,1 3,2 Den Émile Servais op der Websäit Industrie.lu
  4. Legend ënner der Foto vum Marcel Schroeder (Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg) vum Servais-Haus an der Foto-Austellung iwwer de Boulevard Royal am Ratskeller vum Cercle municipal am September 2014.
  5. Archive copy Archivéiert op 2016-09-26. Gekuckt de(n) 2016-04-18.