Service de renseignement de l'État
De Service de renseignement de l'État (bis 2004: Service de renseignements, an der Méizuel), am Volleksmond och alt Spëtzeldéngscht genannt, ass de Lëtzebuerger Inland-Geheimdéngscht.
Seng Fonctioune sinn duerch d'Gesetz vum 15. Juni 2004 geregelt. En ënnersteet direkt dem Premierminister.
De Service gëtt vun enger Chamberkommissioun kontrolléiert, déi aus de Fraktiounspresidente besteet an déi sech zënter dem Abrëll 2005 regelméisseg trëfft. D'Kommissioun kann déi generell Aktivitéiten vum SRE kontrolléieren a spezifesch Dossieren ënnert d'Lupp huelen. Zu dësem Zweck huet d'Chamberkommissioun d’Recht iwwert alles informéiert ze ginn an huet Zougrëff op all Dokumenter, déi hir an der Ausübung vun hire Missioune wichteg erschéngen, mat Ausnahm vun deenen Dokumenter, déi kéinten d’Identitéit vun enger Source vum Service de renseignement bekannt ginn oder déi enger Drëttpersoun kéinte schueden.
D'Publikatioun vun engem alljährleche Rapport iwwert d'Activitéite vun der Kontrollkommissioun suergt fir méi Transparenz.
De Service de renseignement ka bis maximal 60 fest Mataarbechter hunn.
Aus Präventiounsgrënn huet de Service de renseignement haaptsächlech als Missioun all Aktivitéiten ze recherchéieren, z'analyséieren an nozegoen, déi d’Sécherheet vu Lëtzebuerg kéinte kompromittéieren. Dat gëllt och wann d'Sécherheet vun engem Staat a Gefor ass, un dee Lëtzebuerg duerch en Accord am Kader vun enger gemeinsamer Verdeedegungspolitik gebonnen ass. Dëst trëfft och bei internationalen Organisatiounen zou, déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg hunn oder hir Missioune vu Lëtzebuerg aus leeden, esou wéi och am Kader vun internationale Relatiounen oder vu wëssenschaftlechem oder ekonomeschem Potenzial vum Groussherzogtum.
Mam Begrëff „Aktivitéit déi d’Sécherheet vum Land kompromittéiert“ si virun allem déi Aktivitéite gemengt, déi kéinten am Zesummenhang mat Spionage, mam Amësche vun enger auslännescher Muecht a Staatsaffairen, mat Terrorismus, mat der Verbreedung vun net konventionelle Waffesystemer an den dozou gehéirenden Technologien oder mat der organiséierter Kriminalitéit, an deem Mooss, wou se sech am uewegenannte Kader beweegt, ze dinn hunn.
Doriwwer eraus ass de Service de renseignement domadder beoptraagt, d'Sécherheet vun de klassifizéierten Dokumenter ze sécheren a fir d'Sécherheetsermëttlungen duerchzeféieren, déi vum Gesetz virgesi sinn oder déi duerch internationaalt Recht ofgeleet sinn.
Den Direkter war vun 1983 bis 2003 de Charles Hoffmann[1] a vun 2003 bis 2009 de Marco Mille. Zënter dem 1. Mäerz 2010 ass et de Patrick Heck.
Dem Service seng offiziel Adress ass de Bâtiment St Louis, 207-211 op der Escherstross an der Stad[2].
Am November 2012 ass de Service de renseignement am Zesummenhang mat der Bommeleeër-Affaire duerch verschidden Aussoen vu sengem fréiere Chef Marco Mille an d'Schlagzeile komm.[3]
Literatur [änneren]
- Romain Hilgert: "Ein Dienst mit Tradition". Lëtzebuerger Land 21.12.2012. archivéiert
- Eric Hamus & Steve Remesch: Jetzt ist der Schaden angerichtet. Luxemburger Wort Nr. 283 vum 4. Dezember 2012, S. 2-3 (Interview mam Charles Hoffmann)
- Stefan Kunzmann & Laurent Graaff: Lauschangriff auf die Demokratie. Revue Nr. 49 vum 5. Dezember 2012, S. 12-22.
Um Spaweck [änneren]
- Gesetz vum 15. Juni 2004 'Organisation du Service de Renseignement de l'État'
- 5771 - Rapport d'activités de la Commission de contrôle parlementaire conformément à l'article 15(8) de la loi du 15 juin 2004 portant organisation du Service de renseignement de l'Etat - Année 2006
- 6050 - Rapport d'activités de la Commission de contrôle parlementaire conformément à l'article 15(8) de la loi du 15 juin 2004 portant organisation du Service de Renseignement de l'Etat - Année 2007
- 6051 - Rapport d'activités de la Commission de contrôle parlementaire conformément à l'article 15(8) de la loi du 15 juin 2004 portant organisation du Service de Renseignement de l'Etat - Année 2008
- 6150 - Rapport d'activités de la Commission de contrôle parlementaire conformément à l'article 15(8) de la loi du 15 juin 2004 portant organisation du Service de Renseignement de l'Etat - Année 2009
- 6425 - Rapport d'activités de la Commission de Contrôle parlementaire conformément à l'article 15(8) de la loi du 15 juin 2004 portant organisation du Service de Renseignement de l'Etat - Année 2011
- SREL Wiki E Wiki zu den Dysfonctionnementer beim SREL (keng Verbindung mat Wikipedia).
- Eng Graphik déi d'Bezéiungen ënnerenee vun allen Akteuren opweist, op jay.lu.