Sol (Zäiteenheet)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Sidereschen Dag (1 no 2) a Sonnendag (1 no 3).

Sol ass d'Bezeechnung fir d'Rotatiounsperiod vum Mars géigeniwwer der Sonn, also fir e Mars-Dag. Deen Dag-a-Nuecht-Zyklus (en Dag) huet 24 Stonnen, 39 Minutten a 35,244 Sekonnen.

Am Ënnerscheed zu der siderescher Rotatiounsperiod vum Mars – senger Rotatioun géigeniwwer de Fixstären – déi nëmme 24 Stonne, 37 Minutte a 22,66 Sekonne ass, dauert de Sonnendag e bëssi méi laang, well hie sech duerch seng Ëmlafbewegung ëm d'Sonn dofir nach eppes méi wäit ëm déi eegen Achs dréie muss.

De Sol gouf agefouert fir Stonnen an Datummen um Mars onofhängeg vun den ierdesche Kalennere kënne festzehalen an e gëtt haaptsächlech vu Wëssenschaftler vun der NASA als Zäitmooss gebraucht, fir den Asaz vun de Marsroveren ze plangen an z'iwwerwaachen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]