Speyer

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Speyer
Land Däitschland
Bundesland Rheinland-Pfalz
Awunner 51.368 (31. Dezember 2022)
Fläch 42,71 km²
Héicht 92 m
Koordinaten 49°18'59,5991"N, 8°26'1,0140"O
Telefonszon 06232
Postcode 67346
Websäit https://www.speyer.de/de
Jumelage mat Chartres, Kursk, Ravenna, Tønsberg


Speyer ass eng Stad vun historescher a kultureller Bedeitung, um Ieweschte Rhäin. Gegrënnt vun de Réimer ënner dem Numm Noviomagus oder Civitas Nemetum (Haaptstad vun de germaneschen Nemeter), zielt se zu den eelste Stied an Däitschland a gouf als Spira ëm 600 Zentrum vum Speyergau. Am Mëttelalter war Speyer als fräi Räichsstad eng vun de bedeitendste Stied vum Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun. Tëscht 1816 an 1945 Sëtz vun der bayerescher Verwaltung vun der Pfalz, gehéiert Speyer haut als kreesfräi Stad zu Rheinland-Pfalz an huet gutt 50.000 Awunner.

Speyer ass bekannt wéinst sengem Keeser- a Mariendoum. Et ass op der ganzer Welt déi gréisst bis haut erhale romanesch Kierch a steet zanter 1981 op der Weltierwelëscht vun der UNESCO. Speyer huet och eng Universitéit, déi wéinst hirer verwaltungswëssenschaftlecher Sektioun staark besicht ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Speyer – Biller, Videoen oder Audiodateien
Bléck op de Speyerer Doum vun der Maximilianstrooss aus