Stefan Zweig

Vu Wikipedia
Stefan Zweig
Gebuer 28. November 1881
Wien
Gestuerwen 22. Februar 1942
Doudesursaach Schlofmëtteliwwerdosis
Nationalitéit Éisträich-Ungarn, Éisträich
Educatioun Universitéit Wien
Aktivitéit Schrëftsteller, Iwwersetzer, Journalist, Dramatiker, Dichter, Literaturkritiker, Historiker, Biograph, Romancier, Prosaist, Essayist

De Stefan Zweig, gebuer den 28. November 1881 zu Wien, a gestuerwen den 23. Februar 1942 zu Petrópolis a Brasilien, war en éisträichesche Schrëftsteller.

Hien huet Philosophie a Literatur zu Berlin an zu Wien studéiert an als iwwerzeegte Pazifist an Europäer den Éischte Weltkrich an der Schwäiz verbruecht, vu wou hie sech mat senge Frënn Romain Rolland an Emile Verhaeren fir de Fridden agesat huet. Hien huet an der psychologesch analyséierender Prosa säin Haaptaarbechtsfeld fonnt.

Seng bekanntst Wierker sinn:

  • 1920: "Angst"
  • 1922: "Amok"
  • 1927: "Verwirrung der Gefühle"
  • 1938: "Ungeduld des Herzens"
  • 1941: "Schachnovelle"
  • 1942: "Die Welt von gestern"

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stefan Zweig – Biller, Videoen oder Audiodateien