Strooss vun Hormus

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Satellitebild vun der Strooss vun Hormus
Kaart

D'Strooss vun Hormus (persesch: تنگه هرمز, Tangeh-ye Hormoz) ass eng Mierengt, déi no der Insel Hormus benannt ass, déi dra läit. Se verbënnt de Persesche Golf am Oste mam Golf vun Oman, dem Arabesche Mier an dem Indeschen Ozean a läit tëschent dem Iran an Oman. Op hirer schmuelster Plaz ass se 21 Séimeilen (38.89  km) breet.

Zënter der Antikitéitass d'Strooss vun Hormus eng wichteg Schëfffaartsstrooss an e wichtegen Handelswee. Bis an d'16. Joerhonnert war et de Waasserwee tëscht Europa an Indien. Duerch si leeft haut dee ganze Schëffsverkéier vun de Pëtrolhäfe vu Kuwait, Bahrain, vum Irak, de Vereenegten Arabeschen Emiraten an dem Iran, an och dee gréissten Deel vum saudi-arabesche Verkéier. Ronn ee Véirel vun der Weltpëtrolsproduktioun gëtt do duercher transportéiert.

Commons: Strait of Hormuz – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen