Tempus est iocundum

Vu Wikipedia

Tempus est iocundum ass e lëtzebuergesche Museksensembel, dee mëttelalterlech Musek op originalen Instrumenter spillt.

E goung ervir aus enger Grupp vu Schüler vum Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg an hirem Enseignant, dem Johny Fritz, déi zanter 1976 Al Musek geprouft hunn.

1979 huet dës Grupp sech Ensemble de musique ancienne du Conservatoire genannt an 1984 gouf se an Tempus est iocundum ëmbenannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]