Tendzin Gyatsho

Vu Wikipedia
Dës Säit beschäftegt sech mat dem 14. Dalai Lama Tendzin Gyatsho. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Tendzin Gyatsho (Homonymie).
Tendzin Gyatsho
Gebuertsnumm ལྷ་མོ་དོན་འགྲུབ།
Gebuer 6. Juli 1935
Nationalitéit China
Aktivitéit Politiker

Den Tendzin Gyatsho (dacks och: Tenzin Gyatso; tib.: bstan ´dzin rgya mtsho, tibetisch: བསྟན་འཛིན་རྒྱ་མཚོ་, gebuer Lhamo Dhondrub, de 6. Juli 1935 zu Taktser an der Provënz Amdo am Osttibet, ass eng bedeitend Perséinlechkeet vun der Gelugpa-Linn vum tibetanesche Buddhismus, an en ass de 14. Dalai Lama. Hien ass e buddhistesche Mënch, ënnerstëtzt d'Rime-Beweegung a krut 1989 de Friddensnobelpräis.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Tendzin Gyatsho ass den Mënchsnumm vum aktuellen Dalai Lama. Hien ass de 6. Juli 1935 mat biergerlechen Numm Lhamo Döndrup Taktser, an engem klengen Duerf an der tibetanescher Provënz Amdo am Nordosten vum Tibet, als zweete Fils vun der Bauerefamill Dekyi Tshering an Chökyong Tshering gebuer. Seng Mamm huet 16 Kanner an d'Welt gesat, vun deenen der siwen schonn als Puppelche gestuerwe sinn.

Am Alter vu knapps zwee Joer ass hie vu véier Mënchen op Grond vun enger Visioun vum Regent, Orakelen an anere Virzeechen als Reinkarnatioun vum 1933 verstuerwenen 13. Dalai Lama fonnt ginn. Et gëtt erzielt[Source?], datt hie schonn als klengt Kand een als Dénger verkleeten héije Mënch spontan als "Lama aus dem Klouschter Sera" erkannt soll hunn an och en ettlech Géigestänn aus dem Besëtz vum 13. Dalai Lama, déi nieft aneren dohigeluecht gi waren, fir sech geholl hätt. De Lhamo huet zunächst misse vum Provënzgouverneur duerch erhieflech Bestiechungsmoossname fräikaaft ginn, wat Verhandelunge vu bal 2 Joer mat sech bruecht huet. Zu Lhasa ass hien du mat 4 Joer, am Kader vun der Endjoresfeier, den 22. Februar 1940 am Potala zum 14. Dalai Lama duerch d'Sitringasol-Zeremonie ernannt ginn. Säin neien Numm ass vun do u Jetsün Jampel Ngawang Lobsang Yeshe Tendzin Gyatsho - Hellegen Här, matfillenden Här, matfillende Verdeedeger vum Glawen, Mier vun der Weisheet. De 17. November 1950 ass dem eréischt 15-järegen Dalai Lama déi weltlech Muecht iwwer den Tibet iwwerdroe ginn. Mä hien huet sech dunn zesumme mat senger Regierung, wéinst der Bedroung duerch dat kommunistescht China, op Dromo, direkt op der indescher Grenz, a Sécherheet misse bréngen. Am Summer 1950 ass hien zeréck op Lhasa gaangen, fir do, no engem Ofkommes mat der chineesescher Regierung, seng reliéise Funktiounen nees ophuelen ze kënnen.

Ofkommes mat China[änneren | Quelltext änneren]

Den 23. Mee 1951 hunn d'Vertrieder vun der tibetanescher Regierung zu Beijing dat sougenannt 17-Punkten-Ofkommes iwwer eng friddlech Befreiung vum Tibet ënnerschriwwen. Mat dësem Traité sollten dem Tibet bannepolitesch Autonomie a Regierungsfräiheet zougesprach ginn. D'Vertriedung an der Aussepolitik, de Baussenhandel a militäresch Ugeleeënheeten huet China awer fir sech beusprocht. De 24. Oktober 1951 ass no engem entspriechende Beschloss vun der tibetanescher Nationalversammlung zu Lhasa d'Zoustëmmung vum Tendzin Gyatsho zu dësem Ofkommes un de Mao Zedong a seng Regierung telegraphéiert ginn. Méi spéit huet den Tendzin Gyatshos seng Entscheedung mam Saz kommentéiert: "Ech hunn dësem Vertrag nëmmen zougestëmmt well ech mäi Vollek a mäi Land virun der totaler Zerstéierung beschütze wollt."[Source?] Dem Ofkommes ass virausgaangen, datt déi chineesesch Volleksbefreiungsarméi an der osttibetanescher Provënz Chamdo amarschéieren duerft.

Flucht an Exil[änneren | Quelltext änneren]

De 17. Mäerz 1959 huet den Dalai Lama wärend dem Tibetopstand an d'indescht Exil op Dharamsala misse flüchten. Kuerz viru senger Flucht huet hien d'Geshe, eng doktorwierdeg Auszeechnung fir seng Aarbecht an der Buddhistescher Theologie am Jokhang-Tempel kritt. Viru senger Flucht huet hien d'Nechungs-Orakel befrot, dëst huet him geroden, den Tibet ze verloossen.

Bezéiungen zum Westen[änneren | Quelltext änneren]

Nieft politeschen Aktivitéiten setzt sech de 14. Dalai Lama, méi wéi all seng Virgänger, intensiv fir e friddlechen, konstruktiven a matfillenden Dialog tëscht de Mënschen an, souwuel a reliéiser wéi och an allgemenger Hisiicht. Hien huet dofir e puer honnert Virtragsreesen duercht d'ganz Welt gemaach an eng Abberzuel Schrëften, an deenen e sech am Géigesaz zu der einfacher Liewensweis, mat differenzéierten tibeto-buddhistesche Froen zu der Liewenspraxis, der Natur vum mënschleche Bewosstsinn a villen aneren existenzielle Froen ausernanersetzt. Den Tendzin Gyatsho gëllt als Frënd vum Chrëschtentum, a war dacks offiziell am Vatikan op Besuch. Hien hat eng déif Frëndschaft mam Poopst Jean-Paul II..

Den Dalai Lama zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Den 10. Juni 2005 huet den Dalai Lama op Invitatioun vun der ONG Les Amis du Tibet asbl, déi hiert 10-järegt Bestoe gefeiert huet, an der Coque um Kierchbierg viru 6.200 Leit eng Konferenz zum Theema "Une éthique pour le nouveau millénaire" gehalen. Hien huet doran ë. a. duergeluecht wéi de Mënsch sech richteg verhale soll an net sengem éischten Androck follege soll, ma virun allem nodenken an un d'Konsequenze vu senger Entscheedung denken. "Dat Wichtegst ass, sech net direkt der Roserei hinzeginn, mä dacks einfach Distanz dozou ze huelen", sou den Dalai Lama an enger vu sengen Aussoen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]