The Last Millennium Suckers

Vu Wikipedia
The Last Millennium Suckers
Logo vun der Band
Museksgenre Punk
Land Lëtzebuerg
Grënnung 1999
Trennung 2006
Memberen Jenny (Gesank)
Dario Bruno (Gittar, Chouergesank)
Patrick Damiani (Gittar, Chouergesank)
Giordano Bruno (Bass)
Patrick "Piedy" Arend (Batterie)
Line Friob (Gesank, Piano)
Steve Marteng (Gittar)
Eric Rosenfeld (Gittar)[1]

The Last Millennium Suckers war eng lëtzebuergesch Punkband.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Grupp gouf am Dezember 1999 gegrënnt. Ufanks hat de Grupp zwou Sängerinnen.[2]

Mat Suck Up Your Life! ass 2001 um lëtzebuergesche Label Winged Skull den eenzegen Album vun de Last Millennium Suckers erauskomm. 2003 hu si nach d'EP Oestrogene Overdose verëffentlecht.

2005 war e Lidd vun der Band am Soundtrack vum Zombie Film ze héieren.[3]

2006 hat d'Grupp nach den Album Our Bleeding Souls opgeholl, deen awer net verëffentlecht gouf well sech d'Grupp kuerz drop getrennt huet. Zanter Mee 2013 kann een en op der Bandcampsäit vum lëtzebuergesche Label G-Chord Records eroflueden.[1]

Déi verschidde Memberen hunn deelweis an anere Gruppe weidergemaach: Ortigas (Jenny), Extinct (Dario), Versus You (Dario, Giordano), Le Grand Guignol, Toxkäpp a Rome (Patrick), Surf Me Up Scotty (Patrick), The Disliked (Piedy).

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2001: Suck Up Your Life!
  • 2013: Our Bleeding Souls

EP[änneren | Quelltext änneren]

  • 2003: Oestrogene Overdose

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Our Bleeding Souls op Bandcamp
  2. Review vum Album op www.disagreement.net
  3. www.zombiefilm.lu