Traité vu London (1831)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Londoner Vertrag vun 1831. Fir aner Traitéën, déi zu London ënnerschriwwe goufen, kuckt wgl. Traité vu London.
Conférence de Londres. Handgefierfte Lithographie vun engem onbekannte Kënschtler no enger Virlag vum Honoré Daumier aus dem Joer 1832.
Karikatur fir de Londoner Traité vun 1831: Den Hues (Frankräich), de Fuuss (Groussbritannien), den Af (Éisträich), d'Päerd (Preisen) an den Äisbier (Russland, mam Fouss op dem Pol, deen um Buedem läit) verhandelen iwwer d'Zukunft vun der Belsch an Holland (de Léiw an den Hunn déi un der Kette leien)

Mam Traité vu London vun 1831 (och nach Traité vun den XVIII Artikele genannt) hunn déi europäesch Groussmuechte Groussbritannien, Frankräich, Éisträich, Preisen a Russland d'Onofhängegkeet vun der Belsch no der belscher Revolutioun unerkannt. Dëst gouf an zwéi Verträg vum 20. Dezember 1830 an 20. Januar 1831 festgehalen.

Traitéen déi méi spéit ofgeschloss goufen, hunn déi Ofkommessen och ëmmer confirméiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Traité vu London (1839)