True Jesus Church

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
ChristianitySymbol.PNG Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'True Jesus Church ass 1917 zu Peking (China) als onofhängeg Kierch gegrënnt ginn, an dat aus enger chinesescher Ënnergrupp vun der Pëngschtbewegung vum Chrëschtentum déi kuerz no 1900 entstanen ass.

Et gëtt ongeféier 1,5 Milliounen Gleeweger op alle fënnef Kontinenter. Zur Doktrin vun dëser Kierch gehéiert de Glawen un déi ausschliisslech Gëttlechkeet Jesu, d. h. d'Léier vun der Dräifaltegkeet gëtt ofgeleent.

D'Kierch kennt 10 Haaptléieren:

  1. Hellege Geescht
  2. Daf
  3. D'Fousswäschung
  4. Helleg Kommioun
  5. Sabbat Dag (Samschdeg)
  6. Jesus Christus
  7. Helleg Bibel
  8. Gemeng vu Jesus Christus gegrënnt duerch den Hellege Geescht vum Spéitreen
  9. D'Erléisung
  10. D'Wiederkunft

Dräi Stéck dovu si Sakramenter:

  1. Daf
  2. D'Fousswäschung
  3. Helleg Kommioun

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: True Jesus Church – Biller, Videoen oder Audiodateien