Uhuru (Satellit)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) UHURU)
SAS A (Uhuru)

Den Uhuru (Swahili: Fräiheet), och als Explorer 42, SAS A (Small Astronomical Satellite A) an SAS-1 genannt, war deen éischte Satellit vun der NASA, deen den Himmel no Röntgenquellen duerchmustert huet. De Satellit gouf den 12. Dezember 1970 mat enger Scout-Rakéit vun der San-Marco-Platform virun der Küst vum Kenia gestart an op eng Ëmlafbunn ëm d'Äerd tëscht 522 an 563 km Héicht geschéckt. En hat eng Ëmlafzäit vu 96 Minutten, a seng Missioun war am Mäerz 1973 eriwwer.

Dem Uhuru säi Röntgenstralenemfänger bestoung aus enger Bläiplack, déi vu ville parallele Buerungen duerchzu war, an hanner där e Sensor fir Röntgenstrale war. Nëmme Röntgenstrale, déi a Richtung vun de Lächer ukoumen, konnten de Sensor erreechen. D'Opléisung vun dëser Andeelung war awer méi schlecht wéi déi vum mënschlechen A.

Haut gi Röntgenteleskopen (kuckt och Wolter-Teleskop) op eng Äerdëmlafbunn bruecht, fir den Himmel am Röntgenberäich z'erfuerschen.

Uhuru war ausserdeem de Ruff vun de schwaarzen Awunner am Kenia wärend dem Mau-Mau Opstand (1950-1956) géint déi brittesch Kolonialmuecht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Uhuru – Biller, Videoen oder Audiodateien