Universitéitsobservatoire vu Jena

Vu Wikipedia
Den Universitéitsobservatoire Jena, am Hannergrond de Volleksobservatoire Urania Jena

Den Universitéitsobservatoire vu Jena oder och Astrophysikalisches Institut und Universitäts-Sternwarte Jena (AIU Jena) ass en Observatoire vun der Friedrich-Schiller-Universitéit Jena an der Stad Jena.

Am Optrag vum Herzog Karl August vu Sachsen-Weimar-Eisenach hat de Johann Wolfgang von Goethe en Observatoire am Stadgebitt vu Jena ariichte gelooss. Éischten Direkter war de Karl Dietrich von Münchow (17781836). Dat éischt Gebai vum Observatoire war en Ubau um Haus vum Friedrich Schiller. 1889 gouf en Neibau op engem Nopeschgrondstéck opgeriicht.

Zu den Direktere vum Observatoire hu bekannt Wëssenschaftler wéi den Ernst Abbe (1877 bis 1900), den Heinrich Vogt (1929 bis 1933) an den Heinrich Friedrich Siedentopf (1933 bis 1945), gehéiert.

De 90-cm-Schmidt-Teleskop bei Großschwabhausen

Zanter 1962 bedreift d'Astrophysikalescht Institut eng Filial zu Großschwabhausen eng ronn 10 km westlech vu Jena. An engem Bësch op engem Héichplateau läit d'Observatiounsstatioun a bitt fir mëtteleuropäesch Verhältnesser relativ gutt Bedingunge fir d'optesch Astronomie, déi an der Stad duerch d'Liichtverschmotzung net méi gutt ass. Dat gréisst Teleskop ass e Spigelteleskop mat engem Haaptspigelduerchmiesser vun 90 cm, déi sech zu enger Schmidt-Kamera mat enger Apertur vu 60 cm ëmbaue léisst. Doru kënnen CCD-Kameraen, Glasfaser-Spektrometer a Photon-Counting-Kameraen ugeschloss ginn. Zanter 2006 ginn nees all Owend Observatioune gemaach.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

7