Victor Ferrant

Vu Wikipedia
Victor Ferrant
Gebuer 4. Februar 1856
Lëtzebuerg
Gestuerwen 27. September 1942
Lëtzebuerg
Aktivitéit Entomolog, Moler, Naturalist

De Victor Ferrant, gebuer de 4. Februar 1856 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 27. September 1942 och do, war e lëtzebuergeschen Naturfuerscher a -moler.

De Victor Ferrant huet op Dirängele vu sengem Papp hin, dee wollt, datt hie sollt seng Millen d'Ferrantsmillen, déi haiteg Auberge Thillsmillen tëscht Mamer a Koplescht, iwwerhuelen, Handels- an Industriewëssenschaften zu Paräis studéiert. Säin Haaptintressi war awer d'Natur. Zu Paräis huet hien déi zwéi lëtzebuergesch Botaniker Julien Vesque a Guillaume Capus kennegeléiert.

1890 ass de Victor Ferrant an de Service Agricole agetrueden, wou en d'Charge hat, de phytopathologesche Service auszebauen. 1902 gouf e Chef vun deem Service. 1892 gouf e Konservator vun der naturwëssenschaftlecher Ofdeelung vum Staatsmusée. Dës Charge huet en och nach no senger Pensionéierung, 1924, bis zu sengem Doud weidergefouert, well keen Nofollger ze fanne war. 1890 war hie Matgrënner vun der Société des naturalistes luxembourgeois an huet véier Joer d'Presidentschaft vun der Gesellschaft iwwerholl (1890-1892 an och 1894).

Hie war ë. a. Member vun der Société entomologique de Belgique, Membre correspondant vum Muséum de Paris a Membre associé vun der Société d'Anthropologie de Paris.

An der Stad Lëtzebuerg an zu Gonnereng ass eng Strooss nom Victor Ferrant genannt.

Aus sengem Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Faune des Mollusques terrestres et fluviatiles du Grand-Duché de Luxembourg. 1902.
  • Die schädlichen Insekten der Land- und der Forstwirtschaft, ihre Lebensweise und Bekämpfung. 1907-1911.
  • Faune du Grand-Duché de Luxembourg. Poissons (1915). Amphibies et Reptiles (1922). Oiseaux (1926, 1931, 1933). Mammifères (1930, 1931).
  • Die fluvioglazialen Schotterterrassen des Moseltals auf Luxemburger Seite und ihre Stellung im System. 1933.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Eng ganz Rëtsch Déieren, virun allem Kiewerleken, goufen no him genannt, a kruten de wëssenschaftlechen Numm ferranti. Och eng Gattung gouf no him genannt: Ferrantia lujae (Aartennumm nom Edouard Luja).

De Naturmusée huet eng wëssenschaftlech Publikatiounsserie, déi den Titel Ferrantia dréit.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Guinet, J.-M., 2002. Victor Ferrant (1856-1942). Ferrantia. Travaux scientifiques du Musée national d'histoire naturelle 33: 1.[1]
  • Massard, J.A., 1990. Victor Ferrant (1856-1942). In: Livre du Centenaire 1890-1990. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91: 118-121.[2]
  • Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 5-302 [Biographie V. Ferrant: S. 23-29].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Biographie vum Victor Ferrant geschriwwe vum Marcel Heuertz op der Websäit www.snl.lu Säiten:169 bis 176