Wanderschéiferei

Vu Wikipedia

D'Wanderschéiferei oder Schoftranshumanz ass d'Beweedung vu geographesch getrennte Gebidder mat Schof, déi vun engem Schéifer mat senge Schéiferhënn vu Weed zu Weed ginn. Wann et néideg ass, kënnen d'Schof och do agepercht ginn a wann d'Perch ofgegraast ass, zéie si weider.

Zu Lëtzebuerg ass de Florian Weber deen eenzege Wanderschéifer, dee mat senge ronn 600 Schof duerch dat ganz Land zitt (Stand: Dez. 2023).

D'Wanderweedewirtschaft gëtt et als liewegt Kulturierwen och an Albanien, Andorra, Éisträich, Frankräich, Griicheland, Italien, Kroatien, Rumänien an a Spuenien.

Am Mäerz 2022 gouf d'Wanderschéiferei vun der UNESCO op d'Lëscht vum immaterielle Kulturierwen an der Kategorie Wëssensschätz a Bräich, déi d'Natur an den Universum betreffen opgeholl. D'Naturparken Öewersauer an Our, souwéi natur&ëmwelt hate sech derfir agesat. Den 20. Abrëll 2021 gouf d'Wanderschéiferei schonn an den nationalen Inventaire vum immaterielle Kulturierwen opgeholl[1].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (de)Schartz, Nadine, „Fléizen“ und „Wanderschéiferei“ sind immaterielles Kulturerbe der Unesco. Wort.lu online, Luxemburger Wort, 7.12.2023, S.15 (06.12.2023). Gekuckt de(n) 07.12.2023.